4.750 Euro fir d'Fondation Cancer vun der ACEL

© ACEL fir d'Fondation Cancer
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) huet och dëst Joer hiren traditionelle Chrëschtdagsturnéier, mat Ënnerstëtzung vun der LASEL, organiséiert.
D’Studentencercelen aus dem ganze Land haten hei d’Méiglechkeet, an dräi sportlechen Disziplinne – Basketball, Volleyball a Fussball – géinteneen ze spillen, sech sportlech ze moossen, an dobäi gläichzäiteg eng gutt Saach z’ënnerstëtzen.
Wéi all Joer goufen d’Recetten aus dem Turnéier fir de gudden Zweck gespent – dëst Joer ass d’Wiel op d’Fondation Cancer gefall. Am Ganze koum d'Zomm vu 4.750 Euro zesummen.
"Mir hunn d’Fondation Cancer ausgewielt, well de Kriibs och eis als Studenten net verschount. Trotz eisem jonken Alter hu vill vun eis Familljememberen oder Frënn verluer oder musse selwer géint dës Krankheet kämpfen. D’Fondation Cancer kämpft net nëmme géint d’Krankheet – si ass och do, fir nozelauschteren, z’ënnerstëtzen an duerch déi schwiereg Zäiten ze begleeden. Mat eiser Aktioun wëlle mir Hoffnung vermëttelen a weisen, datt mir hannert de Betraffene stinn", seet de Pit Feltes, Comitésmember vun ACEL.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.