2.000 Euro fir d'Fondation Cancer

De Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Wuermer huet d’Aarbecht vun der Fondation Cancer och dëst Joer mat engem Don ënnerstëtzt. Am Kader vun hirer Generalversammlung de 7. Mee, ass eng Spend vun 2.000 € un d’Fondation Cancer iwwerreecht ginn.
Dës Zomm ass duerch d’Generositéit vum Henri Hengel, laangjärege President, entstanen, deen no 40 Joer säi Mandat néiergeluecht huet an op säi Cadeau verzicht huet, fir amplaz 1.000 € un d’Fondation Cancer ze spenden. Zousätzlech hunn zwee aner Comitésmemberen, de Fons Zeimet an de Romain Sadler, déi hir Mandater och net méi verlängert hunn, mat jeeweils 500 € bäigedroen.
D’Claudia Gaebel, Responsabel am Beräich Informatioun, Kommunikatioun a Fundraising bei der Fondation Cancer, war fir d’Scheckiwwerreechung op der Plaz an huet an enger kuerzer Ried d’Missioune vun der Fondation virgestallt an all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.