"Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber" hunn 3.000 Euro un d'Fondation Cancer gespent.

D'Schreiwes vun der Fondation Cancer

Am Kader vun enger rezenter Scheckiwwerreechung hunn d’Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber den Engagement vun der Fondation Cancer mat enger Spend vun 3.000 € ënnerstëtzt.

„Et war eis e grousst Uleies, dës Suen un d’Fondation Cancer ze spenden. Mir hunn dëst Joer eng léif Komerodin a Member vun eisem Veräin un de Kriibs verluer. Och de Mann vun enger gudder Frëndin ass un dëser Krankheet gestuerwen. Mat eisem Don wëlle mir dozou bäidroen, dass de Betraffene gehollef ka ginn – an e klengt Zeeche vu Solidaritéit setzen.“, seet d’Josette Lamberty, Keessjee vum Veräi Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber.

D’Mariette Bosch, Sozialaarbechterin bei der Fondation Cancer, war fir d’Scheckiwwerreechung op der Plaz. Si huet an enger kuerzer Ried d’Missioune vun der Fondation virgestallt an all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.