Duerch d'Verkafe vu selwer gebakene Kichelcher hunn d'Schüler aus der Klass 1GS01 Sue fir d'Fondation Cancer gesammelt an dobäi iwwer déi verschidde Kriibsforme bei Fraen opmierksam gemaach.

D'Schreiwes vun der Fondation Cancer

Lycée Technique de Lallange – Le Ruban des Cœurs
1.372,36 € fir d’Fondation Cancer

D’Schüler aus der Klass 1GS01 vum Lycée Technique de Lallange hunn d’Initiativ „Le Ruban des Cœurs“ op d’Bee gestallt, fir den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen an d’Sensibiliséierung fir d’Kriibsforme bei Fraen ze stäerken.

Am Januar hunn si an der Belle Etoile e Stand organiséiert, wou si hausgemaachte Kichelcher verkaaft hunn. Dëst war gläichzäiteg eng Geleeënheet, fir mat Informatiounsmaterial op déi verschidde Kriibsformen bei Fraen opmierksam ze maachen.

„Ech hu geléiert, datt Courage net bedeit keng Angscht ze hunn, mee fäeg ze sinn, d’Angscht ze iwwerwannen.“, seet d’Selina Jaerling, Schülerin aus der Klass 1GSO1.

D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Solidaritéitsaktioun häerzlech Merci gesot. Dëse generéisen Don erméiglecht der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.