1.000 € fir d’Fondation Cancer

D’Association Culturelle Portugaise de Consdorf huet decidéiert, mat hirer järlecher Spendenaktioun den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
Am Kader vun de Feierlechkeeten zum 20. Gebuertsdag vum Veräin, hunn d’Veräinsmemberen déi generéis Spend vun 1.000 € iwwerreecht.
D’Scheckiwwerreechung huet am Kulturzenter Kuerzwenkel zu Konsdref stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet d’Missioune vun der Fondatioun kuerz virgestallt an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse schéine Solidaritéitsgeste.
D’Association Culturelle Portugaise de Consdorf huet dëst Joer fir d’éischte Kéier um Relais pour la Vie deelgeholl – eng Erfarung, déi si déif beréiert huet a si dem Engagement vun der Fondation Cancer nach méi no bruecht huet:
„Well mir scho Mënsche begleet hunn, déi vum Kriibs betraff sinn, wëll eis Associatioun hir Solidaritéit mat all deenen ausdrécken, déi ënner dëser Krankheet leiden. Wéi et op eise T-Shirten um Relais pour la Vie geschriwwe stoung: An dëser Famill kämpft kee Mënsch eleng.“, seet d’Sara Lopes, Sekretärin vum Portugisesche Kulturveräi vu Konsdref.
Dëse Don erméiglecht der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.