Vun Februar bis Juni, huet Fischer an all hire Filialen déi sougenannten „Petit Pain Énergétique“ ugebueden – e Bréitchen aus verschiddene Kornzorten, Nëss, Sonneblummekären a Cranberries. Fir all verkaafte Bréitche goufen 0,10 € un d’Fondation Cancer gespent. Esou koum eng generéis Zomm vu 6.000 € zesummen.

„D’Mataarbechter vu Fischer setzen sech zënter jee fir wichteg gesellschaftlech Themen an – wéi Gesondheet, Sport oder Bildung. Datt mir säit e puer Joer un der Säit vun der Fondation Cancer stinn, ass fir eis eng Selbstverständlechkeet. Et geet dorëms, d’Fuerschung z’ënnerstëtzen an de Betraffenen a hire Famillje konkret Hëllef ze bidden” seet d’Michèle Andres, Marketingdirektesch.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Aktioun erméiglecht der Fondation Cancer, hir Missioune weiderzeféieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.