Fir d'Blëtz Asbl4.444 Euro beim "Female Social Ride" gesammelt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den 12. Juli war op der Musel de "Female Social Ride", en inklusive Vëlostour fir Fraen, bei deem ënner anerem och d'Suzie Godart mat un den Depart gaangen ass.
© Pit Esposito

Dobäi gouf der Blëtz Asbl, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, ee Scheck an Héicht vu 4.444 Euro iwwerreecht. Bei der Iwwerreechung no der Course war nieft der Presidentin an der Tresorière, Chantal Keller an Nicole Backes-Walesch, och d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO