D'Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen hunn, wéi och schonn an de Jore virdrun, fir den Ofschloss vum Schouljoer Suen am Kader vun engem Sponsored Run gesammelt.

D'Schreiwes vum Kuebebongert

10 000 Euro Scheck vun de Schüler aus dem Kuebebongert
Erléis vum Sponsored Run fir de Päerds Atelier vu Metscheed 

Feelen: Et gehéiert schonn säit Joeren zur schéiner Traditioun, dat d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen mat hiren Léierbeoptragten e puer Deeg virum Schoulofschloss, e Scheck fir engt gut Wierk weidergin. Viru kuurzem war et nees e souwäit, wou d‘Kanner aus den Cycle 1-4 den Erléis vum Sponsored Run am Kader vum Ofschloss vun der Schoulsportwoch vum 6. Juni, wou si fir all gelaafe Ronnen gesponsort gi sin, a mat voller Kraaft vill Kilometer absolvéiert hun. Ganz stolz konnten sie all zesummen a Presenz vum Patrick Lepage, bäigeorneten Direkter vun der Regionaldirektioun Dikrech, e Scheck vun 10 000 Euro un Nancy Specchio, iwergin, den dem „Päerds Atelier vu Metscheed“ zugut könnt. No hirem grousse Merci huet d’Nancy Specchio de Kanner mat hirem Léierpersonal d‘Aktivitéiten vum Päerds Atelier erklärt, wou dess Suen an hirem Ausbildungszentrum „Liewenshaff“ zu Metscheed och ganz gut agesaat gin.