Button Quilters a.s.b.l. iwwerreeche selwer gemaachten Häerzkëssen a Mutze fir Patienten un d’Fondation Cancer
© Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober, dem internationale Mount fir d’Sensibiliséierung géint Broschtkriibs, huet de Patchwork-Club Button Quilters a.s.b.l. eng offiziell Iwwerreechung an de Raimlechkeeten zu Bieles vu selwer gemaachte Këssen a Mutze fir Patienten un d’Fondation Cancer organiséiert.
Fir deene Leit, déi vum Kriibs betraff sinn, e Moment vu Komfort a Gebuergenheet ze schenken, hunn d’Membere vum Club mat vill Engagement 93 Häerzkëssen an 165 Mutze fir Dammen an Häre fir hiergestallt.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, war fir d’Zeremonie op der Plaz an huet betount: „Dës kleng Gesten zaubere ganz dacks e Laachen an d’Gesiicht vun de Betraffenen. Si spieren, datt se net eleng mat hirer Krankheet do stinn.“
D’Conseillère Franca Romeo huet d’Engagement vun de Memberen ervirgehuewen: „Et geet net ëm d’Zuel vun de Memberen, mee ëm d’Häerz, mat deem ee schafft.“ Och de Schäffe Mike Lorang huet d’Initiativ begréisst a betount, wéi wichteg et ass, Patienten an hir Familljen an deene schwéiere Momenter z’ënnerstëtzen.
D’Veräinsmemberen hunn sech och bei de ville Spender vu Stoff a Material bedankt – ouni si wier dës Aktioun net méiglech gewiescht. D’Zeremonie huet mat engem gemittleche Kaffiskränzchen ofgeschloss, bei deem sech d’Bedeelegt iwwert nei Iddien a méiglech zukünfteg Zesummenaarbechten ausgetosch hunn.
D’Margot Heirent huet och alle Bedeelegte vun dëser Solidaritéitsaktioun häerzlech Merci gesot, dëse Geste dréit dozou bäi, de Patiente vun der Fondation Cancer e klengt Zeeche vu Matgefill a moralescher Ënnerstëtzung ze vermëttelen.