Spend vu 7.457 Euro fir d'Lutte géint de Kriibs
© Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount huet d'Assurance Baloise en Don vu 7.457 Euro un d'Fondation Cancer gemaach.
D'Detailer am Presseschreiwes
D'Assurance Baloise huet d'Fondation Cancer am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober mat engem Don vu 7.457 € ënnerstëtzt.
Dës Zomm ass duerch d'Spende vu Mataarbechter an duerch d’Aschreiwungskäschte vun engem Solidaritéitslaf, deen d'Assurance organiséiert huet, zustane komm.
„Mir si frou, d’Aarbecht vun der Fondation Cancer bei eis am Haus ze vermëttelen, iwwer Solidaritéits- a Sensibiliséierungsaktioune fir eis Mataarbechter an Agenten. Dat si staark Momenter, déi eis Ekipp ronderëm wichteg mënschlech Wäerter zesummebréngen: Nolauschteren, Ënnerstëtzung a Grousshäerzegkeet.“, seet d’Elénore Bertoncini, Responsabel vum Direktiounsbüro a Kommunikatioun bei Baloise.
D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.