6.725 Euro fir d’Fondation Cancer
© Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount huet de Foyer Sue fir d'Lutte géint de Kriibs gesammelt.
Weider Detailer am Presseschreiwes
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet Foyer seng Mataarbechter fir d’Thema Broschtkriibs sensibiliséiert an an de Raimlechkeete vum Betrib zu Leideleng eng interaktiv Konferenz organiséiert. D’Audrey Gustin, wëssenschaftlech Responsabel bei der Fondation Cancer, huet dës Geleeënheet genotzt, fir iwwer d’Risiken, d’Fréierkennung an d’Präventioun ze informéieren.
Am Uschloss un dës Sensibiliséierungsaktioun huet Foyer eng Spend vu 6.725 € un d’Fondation Cancer iwwerreecht. Dës Zomm setzt sech aus enger interner Kollekt an engem Don vum Betrib selwer zesummen.
D’Scheckiwwerreechung huet an der Präsenz vun der CEO Marie-Hélène Massard stattfonnt, déi d’Wichtegkeet vun dësem Engagement ervirgehuewen huet.
D’Audrey Gustin huet no der Konferenz all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse generéisen Don. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missiounen och an Zukunft weiderzeféieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.