APE (Associação de Pais de Ettelbruck) an d’Enseignanten hunn och dëst Joer hir Solidaritéit am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober gewisen.

De Communiqué vun der Fondation Cancer:

D’Membere vun der Associatioun hunn an der Groussgaass zu Ettelbréck e Stand mat Kaffi a Kuch organiséiert, fir Spende fir d’Fondation Cancer ze sammelen. D’Aktioun, déi zanter ville Joren all Hierscht stattfënnt, gouf och dës Kéier mat vill Engagement vun de Schüler, den Elteren an dem Léierpersonal ënnerstëtzt.

Duerch dës flott Initiativ koumen am Ganzen 3.526,12 € zesummen, e Rekord am Verglach mat de leschte Joren.

„Mat eiser Aktioun wëlle mir weisen, datt ee just zesumme staark ass am Kampf géint de Kriibs“, seet d’Clara Santos, am Numm vun der Elterevereenegung vun Ettelbréck, vun der Elterevereenegung vun der portugisescher Schoul zu Dikrech an de Schüler vum Cours de Langue et Culture Portugaises.

D’Scheckiwwerreechung huet am Lycée Technique zu Ettelbréck stattfonnt, an der Präsens vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missiounen och an Zukunft weiderzeféieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.