De 17. November goufen d’Karin Magar an d’Nicole Walesch, allebéid Comitésmembere vu Blëtz a.s.b.l., vum Club Aktiv Réiserbann invitéiert, fir eng Informatiounsversammlung an eng Scheckiwwerreechung an der Héischt vu 600 Euro.
 
De Publikum huet groussen Interessi gewisen an hat vill Froen zum Thema Hiereschlag. D’Team vum Club gouf representéiert vun der Chargée de Direction, der Madamm Bettina Fries, souwéi vun de Madammen Nadine Glod a Verena Braun, allen zwee Éducatrices Graduées. D’Blëtz a.s.b.l. seet dem Club häerzlech Merci fir d’Invitatioun an de Scheck.