1.600 Euro fir d'Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Ekipp vun Dussmann Food Service eng flott Solidaritéitsaktioun op d’Bee gesat.
Am Laf vum Mount Oktober hunn d’Mataarbechter kleng Käerze fir 2 € d’Stéck verkaf, souwuel am CHL zu Eech wéi och an hirem Haaptsëtz zu Conter. Duerch dëse Verkaf koum déi generéis Zomm vun 1.600 € zesummen, déi integral un d’Fondation Cancer gespent gouf.
Mat dëser Aktioun huet Dussmann e staarkt Zeeche vu Solidaritéit gesat. D’Mataarbechter hunn sech mat vill Zesummenhalt engagéiert, fir d’Opmierksamkeet op d’Thema Broschtkriibs ze stäerken an d’Präventioun an de Mëttelpunkt ze stellen.
D’Scheckiwwerreechung huet am CHL zu Eech stattfonnt, an der Präsenz vum Françoise Reuter, Vertriederin vun Dussmann, a vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D’Margot Heirendt huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dës Solidaritéitsaktioun. Dës Generositéit erméiglecht et der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.