Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober engagéiert d'Mara Cruciani sech zanter Joren onermiddlech fir d'Fondation Cancer. Och dëst Joer huet d'Mara nees eng Solidaritéitsaktioun organiséiert, fir d'Opmierksamkeet op de Broschtkriibs ze lenken a Spenden ze sammelen.

D'Mara huet an hirer Garage Heekelkreatiounen a selwergemaache Kichelcher a Kuch verkaaft – an och am Laf vum ganze Mount Oktober weider Spende gesammelt. Esou ass eng generéis Zomm vun 2.000 Euro zesummekomm, déi integral un d'Fondation Cancer geet.

"Ech probéieren, d'Fraen drop opmierksam ze maachen, sech reegelméisseg an net ze spéit ofchecken ze loossen an op sech opzepassen. 90 % vun de Broschtkriibsfäll kënne geheelt ginn, wa se fréi erkannt ginn", seet d'Mara Cruciani.

D'Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, an der Presenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D'Margot huet dem Mara, dem Paola an dem Pina, souwéi alle Bedeelegten, déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn, häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement.

Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.