D’Suen, déi wärend hirem Charity Dinner gesammelt goufen, hëllefen dobäi, d'Aktiounen am Sënn vun de Kanner virunzeféieren.

D'Aktioun seet "E risege Merci" un d’Gemeng Péiteng an un de Rotary Club Kordall Bascharage fir hir grouss Ënnerstëtzung. D’Suen, déi wärend hirem Charity Dinner gesammelt goufen, hëllefen dobäi, d'Aktiounen am Sënn vun de Kanner virunzeféieren. "Zesumme beweege mir wierklech eppes – a genau dat zielt", heescht et am Schreiwes.
 
"Eist Zil ass et, Kanner a Madagaskar eng sécher Ëmfeld, eng gesond Ernierung an eng Chance op Bildung ze ginn. Mir setzen op nohalteg Strukturen, déi de Familljen erméiglechen, no e puer Joer selbststänneg hire Wee weiderzegoen."
 
Méi Informatioune fannt dir op der Säit: ekannerlaachen.lu