1.425 € fir d’Fondation Cancer
© Lorraine Pilates et Coaching
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet Lorraine Pilates & Coaching och 2025 nees eng Solidaritéitsaktioun zu Gonschte vun der Fondation Cancer organiséiert. Zanter 2022 engagéiert d’Lorraine Boucley Gramain sech all Joer am Oktober fir d’Sensibiliséierung a fir Spenden ze sammelen.
Dëst Joer huet d’Lorraine de Weekend vum 25. a 26. Oktober Pilates-Course ginn, bei deenen d’Akommes integral zu Gonschte vun der Fondation Cancer gespent gouf. Parallel dozou goufen d’Participante mat Flyeren an Affichë fir d’Thema Broschtkriibs a seng Präventioun opmierksam gemaach. Esou ass eng generéis Zomm vun 1.425 € zesummekomm.
„Fir dat drëtte Joer hannertenee weise meng Pilates-Schüler eng grouss Generositéit: dëse Scheck un d’Fondation Cancer ass d’Resultat vun eisem Asaz. Zesumme komme mir méi wäit“, seet d’Lorraine Boucley Gramain am Numm vun alle Bedeelegten.
D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, an der Präsens vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D’Margot huet dem Lorraine an all de Participante vun hire Coursen häerzlech Merci gesot fir dëst onermiddlecht Engagement.
Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.