De 24. November goufen d’Nicole Walesch, Tresorière, an d’Yasmine Silbereisen, Comitésmember vu Blëtz a.s.b.l., vun der Chorale Concordia Ermsdorf/Medernach invitéiert, fir eng Scheckiwwerreechung an der Héischt vun 2.000 Euro.

D’Blëtz a.s.b.l., déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag an hir Famillen asetzt, seet der Chorale Concordia Ermsdorf/Medernach vun Häerze Merci fir hire generéisen Don an hir Ënnerstëtzung.