Den 12. September 2025 hunn d’Bands Mad Fox an Ten Thirty Nine d’Mauere vun der Rockhal zum Wackele bruecht – fir de gudden Zweck.

De Rock against cancer, dee vun de Mataarbechter a Benevolle vu Swiss Life Luxembourg organiséiert gëtt, ass zanter méi wéi zéng Joer e feste Rendez-vous fir all déi, déi sech gären engagéieren a gläichzäiteg eng flott Stëmmung genéissen.Wéi all Joer gëtt d’Akommes vum Concert zum Deel un d’Fondation Cancer gespent, fir hiren Asaz am Beräich Präventioun, Begleedung vu Patienten an d’Fuerschung z’ënnerstëtzen.

Als Zeeche vun dësem Engagement gouf den 28. Oktober an de Raimlechkeete vu Swiss Life Luxembourg symbolesch e Scheck vun 12.000 € iwwerreecht. D’Scheckiwwerreechung huet an der Präsenz vun der CEO Karine Verbruggen, de Benevollen, de Museker an de Vertrieder vun der Fondation Cancer stattfonnt.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement an hir Generositéit. Si huet ënnerstrach, wéi wichteg esou Initiative sinn, well se et erméiglechen, konkret Projeten am Déngscht vu Kriibsbetraffenen z’ënnerstëtzen an ze finanzéieren.