
En Dënschdeg hat de Premier Xavier Bettel d’Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Um Mëttwoch an um Donneschdeg sinn d’Debatten am Cercle.
Um Radio gouf d’Ried vum Xavier Bettel an engem Presseclub-Spezial um 8.15 Auer kommentéiert. Invitéë beim Roy Grotz waren d’Chefredaktere vu Wort, Tageblatt a reporter.lu - de Marc Schlammes, den Dhiraj Sabharwal an de Christoph Bumb.
Eng Politiker-Ronn, déi den Etat de la Nation ënnert d’Lupp hëlt, huet d’Caroline Mart um Mëttwoch den Owend am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg empfaangen.
De Staatsminister Xavier Bettel ass iwwerdeems e Samschdeg an der Mëttesstonn den Invité an der RTL-Emissioun “Background am Gespréich”.