Ried zu der Lag 2019
D’Steierreform gëtt eng “ekologesch” Reform, sou de Premier Xavier Bettel
Um Dënschdeg am Nomëtteg huet de Staatsminister Xavier Bettel seng Deklaratioun iwwert d'Lag vun der Natioun gehalen.
Ried zur Lag vun der Natioun
De Resumé vun der Ried, d’Reaktiounen an eng Analyse iwwert dat Ganzt.

De Xavier Bettel huet sech eegenen Aussoen no bewosst op puer Haapt-Sujete konzentréiert. Konkret Annoncen oder Zuele gouf et awer relativ wéineg. De Premier sot awer d’Steiereform géing haaptsächlech fir méi Gerechtegkeet suergen, gläichzäiteg géing och mat de Betriber iwwert d’Kompetitivitéit “diskutéiert” ginn.

Ried zu der Lag 2019 - Reportage François Aulner

Déi fundamental Steierreform, mat genereller Individualiséierung, géing awer sécherlech Zäit brauchen a misst progressiv a Kraaft trieden.

Hei ass d’Ried vum Xavier Bettel an der Chamber

Iwwerschriwwen ass d’Ried vum Xavier Bettel “Weider maachen, amplaz weidermaachen”.

Virop hat de Xavier Bettel direkt am Ufank un dat tragescht Lous vum Felix Braz erënnert. Eng vun de Prioritéiten, net just heiheem, mussen d’nohalteg Entwécklung an d’Lutte géint de Klimawandel sinn, esou de Premier.

De Xavier Bettel huet och d’Onsécherheeten a Saache Brexit ugeschwat.

Reng national goufen déi gesond Staatsfinanzen ervirgestrach, grad wéi déi héich ëffentlech Investitiounen, déi weider solle klammen op iwwer 3 Milliarden a 4 Joer.

Fir op de grousse Populatiounszouwuess ze reagéieren, géing et dem Staatsminister no nämlech “nëmmen eng Äntwert ginn: et misst nach méi investéiert ginn”

De Xavier Bettel huet dës weideren annoncéiert, datt am Dateschutz nogebessert gëtt: déi grouss Linne solle bis d’Chrëschtvakanz stoen.

RTL-Liveticker

PDF Ried zur Lag vun der Natioun

Back to Top
CIM LOGO