Wéi de Logementsproblem Lëtzebuerger Bierger en Deel vun hire politesche Rechter ewechhëlt

Dir Damen an Hären Deputéiert a Minister,

Mir schreiwen Iech, nodeems d’Zuelen vun de Logementspräisser och fir 2020 katastrophal ausgefall sinn a viru kuerzem d’CSV festgestallt huet, dass et Armut zu Lëtzebuerg gëtt (bravissimo).

Duerch Är Quasi-Inaktioun am Beräich vum Logement crééiert Dir eng Generatioun vun finanziellen « Exil-Lëtzebuerger » :

Lëtzebuerger éischter Klass

a Lëtzebuerger zweeter Klass.

Op juristeschem Plang maacht Dir sou gutt wéi guer näischt, fir de Problem wierklech an de Grëff ze kréien, obwuel Iech vu ville Säiten Ideeën zougespillt gi sinn (e.a. och vun eis [1]), wéi ee juristesch kéint virgoen.

De Logementsproblem hängt direkt um Problem vun der Armut : ëmmer méi Lëtzebuerger, déi finanziell manner bemëttelt sinn, si forcéiert, op déi aner Säit vun der Grenz wunnen ze goen.

Dat ass e constat d’échec absolu vun enger Regierung a vun engem Parlament.

Wéi wann et domat net genuch op sech hätt, crééiert Dir mat Ärer Quasi-Inaktioun nach eng aner, ganz grave Situatioun : ee Lëtzebuerger, deen net méi hei am Land wunnt, verléiert doduerch direkt een Deel vu senge politesche Rechter. E kann net méi Kandidat fir d’Chamberwahlen sinn (Constitutioun, art. 52 al. 2, Konditioun n°4 : « être domicilié dans le Grand-Duché » [2]) an do géint de Logementsproblem kämpfen.

Finanziell begrenzt Mëttel

                → forcéiert e Bierger, an d’Ausland wunnen ze goen

                                → Verloscht vum passive Wahlrecht.

D.h. duerch Är Quasi-Inaktioun entmündegt Dir deelweis Matbierger, déi finanziell manner gutt gestallt sinn.

Dat ass einfach skandaléis an duerch näischt ze excuséieren.

Déi selwescht Situatioun hutt Dir mam Gesetz vun 2017 iwwert d’Organisatioun vum Staatsrot crééiert : och do si Lëtzebuerger, déi net hei am Land wunnen, vu vireran ausgeschloss [3]. De Professer fir Droit constitutionnel vun der Uni Lëtzebuerg hat Iech deemols an engem Artikel am Lëtzebuerg Land vum 10. Februar 2017 [4] ausdrécklech drop higewisen, dass dëse Critère diskriminatoresch wier an eng Verletzung vum Artikel 10bis (1) vun der Constitutioun (« Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi ») duerstelle géif. Dir hutt dee Gesetzestext trotzdeem – en toute (mé-?)connaissance de cause – mat deem Punkt gestëmmt an hutt also ganz bewosst Matbierger vun enger Bedeelegung un engem Verfaassungsorgan ausgeschloss.

Am November 2020 hate mir zwee de Logementsminister Henri KOX an enger Lettre ouverte opgefuerdert, den Droit à un logement abordable endlech an der Constitutioun ze verankeren. Am Projet n°6030 vun der Refonte vun der Constitutioun, deen wéinst der CSV säit 2019 op Äis läit, stoung am Artikel 42 (Versioun vum 30. Juli 2019) : « L’État veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d’un logement approprié. » Enn Abrëll 2021 ass de Projet n°7755 fir eng Ännerung vun der Constitutioun agereecht ginn, deen den Artikel 42 aus dem Projet n°6030 iwwerhëlt (dat géif den neien Artikel 31quater, falls d’Chamber den Text unhëlt).

Op béide Plazen steet dëse Saatz an der Sectioun « Des objectifs à valeur constitutionnelle ». D.h. deen Artikel géif dem Bierger kee Recht ginn, dat en akloe kéint : et ass just e vague, gesellschaftspolitescht Ziel (« objectif ») – do muss méi Konkretes kommen, fir dass eng Persoun sech wierklech eppes « dovunner kafe kann ».

Aus dëse Grënn sollen d’Parlament an d’Regierung:

1) direkt alle Lëtzebuerger Bierger hier voll politesch Rechter zréckginn : si sollen den aktuellen Artikel 52 al. 2 pt. 4° vun der Constitutioun sträichen, fir dass kee lëtzbuerger Bierger, deen et sech net méi leeschte kann, a senger Heemecht ze wunnen, sech net méi fir d’Chamber opsetze kann, wou en sech asetze kéint, fir géint de Logementsproblem ze kämpfen ; well schon 2023 Wahlen ustinn an d’Parteien hier Lëschte geschwënn intern diskutéiere wäerten, ass dëse Punkt an eiser Demokratie absolut URGENT ;

2) direkt den Artikel 5 (1) pt. 3 vum Gesetz iwwert de Staatsrot a Conformitéit mam Artikel 10bis (1) vun der Constitutioun setzen – also sträichen –, fir dass kee lëtzbuerger Bierger, deen aus finanzielle Grënn iwwert d’Grenz wunne goe muss, méi vu vireran vun engem Posten am Staatsrot ausgeschloss ass, wou en d’Vuen vun engem « Exil-Lëtzebuerger » matabrénge kéint ;

3) direkt iwwerpréiwe loossen, wou an eise Gesetzestexter dës Diskriminatioun nach existéiert (well et ginn nach aner sou Fäll [5]), an dës direkt behiewen.

Sollt d’Politik sech weiderhin daf stellen an enger sériöser Bekämpfung vum Mammutproblem Logement, ënnert deem ëmmer méi Lëtzebuerger leiden an deen hier politesch Rechter violéiert, considéréiere mir, eng Petitioun ze lancéieren, well Dir da just nach am Interesse vun enger klenger, räicher Minoritéit handelt an net méi am allgemengen Interesse vum Land, obwuel den Artikel 50 vun der Constitutioun den Deputéierten dëst kloer virschreift.

Et geet duer mat « Façadeléisungen ».

Jean-Marie BAULER                        Thierry HIRSCH

PS : Mir wëllen op dëser Plaz hiweisen op dem Xavier Bettel seng Verhöhnung viru lafender Kamera vun enger eelerer Dame, déi aus finanzielle Grënn e Problem mam Logement huet : https://www.rtl.lu/news/national/a/1724444.html (Video; Reaktioun bei 8’05). Unhand vum Bodyguard am Hannergrond gesäit een, dass dëst Gespréich stattfond huet, wéi den Här Bettel scho Premier Minister war. Ça se passe de tout commentaire.

[1] https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1619065.html.

[2] Constitution, art. 52 al. 2 pt. 4° (http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/recueil/constitution/20200519).

[3] Loi du 16 juin 2017 sur l’organisation du Conseil d’État, art. 5(1) pt. 3 : Pour être membre du Conseil d’État, il faut « résider au Grand-Duché de Luxembourg » (http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2017/06/16/a592/jo).

[4] https://www.land.lu/page/article/639/332639/FRE/index.html ; ënnert der Iwwerschrëft « Ce qui mérite d’être revu » : « 2) L’exclusion, introduite par les députés, des Luxembourgeois résidant dans la « grande région » de la course à un poste au Conseil d’État (art. 5 du projet) est une restriction excessive et injustifiée du principe d’égalité d’accès des Luxembourgeois aux emplois publics (art. 10bis Const.). De facto, cela revient à discriminer les Luxembourgeois moins aptes à se payer un bien immobilier au Luxembourg. C’est inconstitutionnel. »

[5] Z.B. Riichter um Verwaltungsgeriicht (Loi modifiée du 7 novembre 1996 portant organisation des juridictions de l’ordre administratif, art. 59 pt. 3 : Pour être membre du tribunal administratif, il faut « résider au Grand-Duché » ; http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/tc/2011/09/19/n1/jo ). E jonke Jurist ouni finanziell Hëllef vu sengen Elteren misst also zu Lëtzebuerg wunnen, fir dës Plaz iwwerhaapt kënnen unzetrieden.