Wéi de CGDIS mellt, hat et véier Mol gerabbelt an eemol hat et gebrannt.

Ugefaange géint 17.15 Auer op der Tréierer A1, wou e Motocyclist gefall a verwonnt gouf. Kuerz drop krute sech dunn zu Neiduerf zwee Ween ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten, genee wéi op der Escher A4 kuerz no 20.15 Auer. Do hat e Won e Géigestand op der Fuerbunn ze pake kritt.

Zwee Verwonnter gouf et iwwerdeems nach bei engem Accident tëscht Habscht a Sëll. Och hei louch eppes op der Fuerbunn.

Zu Wuelessen hat kuerz no 00.30 Auer nach e Chalet gebrannt.