War dir de Summer dann och e bëssche fort? De Christian Schmit aus der Automag-Redaktioun hat sech iwwer de Summer e klengen Dram erfëllt.

D’Amalfitana selwer erfueren. Dat ass eng Panoramastreck am Süde vun Italien, déi zu Schéinsten an der Méditerranée zielt. Kléngt no Bella Italia an Dolce Vita, oder?

Automag: Op der Amalfitana ënnerwee

Si si… a mir goufen net enttäuscht. D’Amalfitana un der bekannter Amalfi-Küst, südlech vun Neapel, heescht eigentlech ganz profan SS 163. Zu Meta di Sorrento geet et lass, fir no 50 km zu Vietri sul Mare unzekommen. A well mir an der Géigend vun den Zitrusfriichte sinn, ass all Kilometer Steen och domat dekoréiert.

An do passéiert een dann op deene Plazen, wou den Jetset am italienesche Summer doheem ass, Star a Stärercher sech op de Luxusyachten sonnen, a sech heiansdo dann och emol zu Praiano, Positano, Amalfi oder Ravello erbléckse loossen, fir sech do op enger Terrass kulinaresch verwinnen ze loossen. 18 Joer gouf un der Amalfitana gebaut. Bis 1850 war een hei just op engem Ieselspad ënnerwee.

Jo et ass enk, a munchmol passt wierklech knapps e Boune Blat tëscht zwee Gefierer. Elo versteet e firwat d’Amalfitana keen Thema fir den Touristebus, Camper a Caravanne ass. Ëmzéngelt vun enger Abberzuel u Vespa a Piaggio loosse mir eis awer net aus der Rou bréngen, a genéissen nawell 100 Meter iwwert dem Mier den italienesche Flair vun dëser Landschaft.

Op der Route mat de sëllege Serpentinne geléngt et engem net ëmmer, fir op de raren Abuchtunge kënne stoen ze bleiwen an eng Foto vun der spektakulärer Route ze erhaschen.

Haiser wierke wéi an de Bierg gepecht, an de Moler Paul Klee hat et scho richteg erkannt. Hei sinn Uertschafte vertikal, net horizontal ugeluecht.

Déi erlaabte Vitess spillt keng Roll, well hei läit ee permanent drënner. Wann een no enger hallwer Stonn grad mol 10km gepackt huet, da seet dat genuch.

Di nächste Kéier vläicht awer net am August fir Ferragosto. Mee bon. la Vita e bella, an owes bei Pasta, Vino, Sorbetto a Limoncello sinn d’Strapaze vun der Amalfitana séier vergiess.

Arrividerci a la costiere amalfitana, venuti tutti que bella. Grazie