Verschidden Aarbechte waren nach net fäerdeg
Reprise vun Zuchtrafic tëscht Stad a Beetebuerg hat sech verspéit

© RTL-Archivbild
Geplangt war jo, datt d'Linn e Méindeg de Moien um 4 Auer nees opgeet, dëst war awer net de Fall.
Verschidden Aarbechten, déi et nach ze maache gouf, konnte wéinst dem Wieder aus deene leschten Deeg a Wochen net ofgeschloss ginn an hu mussen e Méindeg de Moien ofgeschloss ginn, heescht et an enger Erklärung vun den CFL géigeniwwer eise Kolleege vun RTL Infos. Géint 7 Auer konnten da progressiv endlech nees Zich tëschent Beetebuerg an der Stad zirkuléieren.
Am meeschte gelies