De Chantier ënnert dem Viaduc de Beauregard zu Diddenuewen a Frankräich gëtt ronderëm d'Auer iwwerwaacht.

Bei staarke Perturbatioune wéinst dem Trafic wäert de Viaduc bannent enger Stonn gespaart ginn, wéi e Responsabele vun der Direction Est géigeniwwer de Kolleege vun RTL infos erkläert huet. Eng entspriechend Prozedur wier scho preparéiert.

Aktuell gëtt ënnert dem Viaduc e risege Betonssarkophag gegoss, fir de Viaduc an Direktioun Diddenuewen ze stäipen. Dat, well de Fouss un der Bréck no 50 Joer staark verrascht ass.

Well d'Gefor besteet, dass d'Vibratiounen, déi duerch den Trafic entstinn, dee beschiedegte Fouss beweegen, ginn d'Aarbechte ronderëm d'Auer iwwerwaacht. "On est sensible aux déplacements éventuels de l'ouvrage qui est surveillé 24 heures sur 24", erkläert de Benjamin Collin, stellvertriedende Chef un der Sektioun fir de Stroossebau am Departement Grand Est.

Den Ament gëtt mat 250 automatesche Kontrollpunkte iwwerwaacht, ob de Viaduc sech beweegt. Aus dësem Grond dierfen d'Chaufferen zanter Mee dann och nëmme mat 70 Stonnekilometer iwwert de Viaduc fueren. De gréisste Risk géif nämlech vun der Vitess vun de Gefierer ausgoen, wéi de de Sébastien Delbirani, Chef  vun der Sektioun fir Ingenieursaarbechte bei der DIR Est erkläert: "Plus on va rouler vite, plus on va faire vibrer le pont."

D'Gefor, dass een de Viaduc misst spären wier jiddwerfalls reell, et wéilt ee kee Risiko agoen: "Oui, il y a un risque de devoir le fermer. Si la culée présente un risque majeur qui va mettre en cause sa structure et la structure du pont, la DIR Est ne prendra aucun risque et nous fermerons l'ouvrage."

Bei engem Chantier vun dëser Envergure géing et kee Spillraum fir Improvisatioun ginn. Wann et zu enger Spärung kéim, géif dës e puer Méint laang daueren. Dat hätt deen Ament och en Impakt op den Trajet vun de Frontalieren, déi vu Metz aus op Lëtzebuerg schaffe kommen: "L'usager sera amené à rester, pour celui qui veut aller de Metz à Luxembourg, sur l'A30, pour rejoindre ensuite, Thionville par l 'échangeur 43 avant de récupérer l'A31. Même chose de l'autre côté."