Reprise vun Zuchtrafic tëscht Kautebaach a Wolz vun 19.16 Auer un

© Envato Leungchopan
Nodeems e Méindegmoien e Bam op d'Catenairë beim Arrêt Paradiso gefall war, sollen d'Zich tëscht Kautebaach a Wolz e Méindeg den Owend nees fueren.
Dat deelen d'CFL an engem Schreiwes mat. Éischten Informatiounen no war et wéinst de Wiederkonditiounen zu der Pann komm. Wéi d'CFL am Laf vum Méindeg de Mëtteg preziséiert hunn, war e Bam op d'Catenairen op der Héicht vum Arrêt Paradiso gefall. D'technesch Ekippe waren op der Plaz, fir un enger Léisung vum Probleem ze schaffen. Aktuell rechnen d'CFL mat enger Reprise vun 19.16 Auer un. Trotzdeem kéint et weiderhin zu Retarden an Annulatioune kommen.
Et war e Service mat Ersatz-Busser ageriicht. D'Passagéier konnte sech iwwerdeems op cfl.lu oder an der App vun den CFL iwwer d'Horairen informéieren.
Och zu Diddeleng gouf et e Méindeg de Moien e Probleem mat der Zuchverbindung. Op der Linn Beetebuerg-Wuelmereng waren d'Zich a béid Richtungen ausgefall. Dat well e Bus op de Schinne bei der Barrière an der Route de Kayl zu Diddeleng eng Pann hat.
Géint 11.50 Auer hunn d'CFL da matgedeelt, dass d'Zich hei vun 12.04 Auer un nees gefuer sinn.