DS N°4


























































































































DS huet dach fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt, wéi se ugekënnegt hunn, dass een den "Numéro 4" elo och nees als Diesel bestelle kann.
DS N°4 steet elo um Programm. Oui oui, bei DS Automobiles gëtt elo wäert dorop geluecht net just DS 4 ze soen, neen DS Numéro quatre s'il vous plait. An deen Numéro 4 ass elo no engem liichte Facelift a méi Versiounen ze kréien. De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun dobäi. An dat ugangs Oktober am sonnege Porto. Déi portugisesch Stad um Douro sollt d'Kuliss duerstellen fir de chice Fransous.
DS Autombiles , dat sinn dach déi, di keng Moud vun der Staang am Auto wëllen bidden?
Genee, haute couture à la française souzesoen. An esou gëtt och reegelméisseg mat bekannte Leit aus der Moudebranche zesummegeschafft, fir den Interieur mat vill Léift zum Detail opzewäerten. Zënter 2014 ass een eng eegestänneg Mark, mat am Moment 4 Modeller an der Gamme. Bon trotz all deem gehéiert DS Automobiles awer zu der grousser Stellantis Famill, an esou sinn zumindest ënnert der Hauf keng Wonner ze erwaarden.
© Christian Schmit
A propos, wat kënnt dann ënnert di Hauf?
Eben dat wat Stellantis Regal hiergëtt, a wat och an anere Marken, déi zum Grupp gehéieren, Standard ass. E-Tense heescht d'Elektroversioun, an déi proposéiert 213 PS bei enger Batterieleeschtung vu 54kw/h. D'Zellestruktur ass elo eng aner, esou dass elo iwwer 400km Autonomie dra sinn. Mir sinn op eisem ofwiesslungsräiche Parcours vun dach 130km op 16.8 kw Verbrauch komm. Hunn eis awer och bei Autobunnspassagen strikt un d'Limitatioun gehalen, a mat der Recuperatioun an 3 Positiounen och Kilometer gutt gemaach.
© Christian Schmit
Aner Alternativ ass eng 225 PS Versioun als Plug-In Hybrid déi mir och konnte fueren. Bis zu 80 Kilometer Autonomie sinn et hei reng elektresch, dat am Zesummespill mat engem 1.6 thermesche Moteur. Ass agreabel ze beweegen, esou laang wéi de Chauffer dem DS Numéro 4 net alles ofverlaangt, well da leet den Dezibel-Peegel awer däitlech zou, an de Moteur wierkt ugestrengt.
Eng drëtt Variant kënnt dann och nach an d'Spill. Dat wär dann eng Mildhybrid-Variant. De bekannten 1200er Moteur, deen 145 PS Leeschtung bréngt. Dee stoung eis elo net zur Dispositioun, ass awer dann elo di gënschtegst Versioun fir en DS Numéro 4 an der Garage ze hunn.
© Christian Schmit
An dann nach d'Nouvelle, an do huet awer jidderee net schlecht gestaunt, 2026 ass och nees eng Diesel-Versioun méiglech. D'Nofro vun der Clientèle huet een zu deem Schrëtt beweegt, esou di Responsabel vu Paräis.
Mee domat kann een awer da mat Recht behaapten an deem Segment eng komplett Moteure-Palett unzebidden.
© Christian Schmit
Wat huet dann elo nach changéiert?
Also a punkto Design ginn et nëmme ganz douce Retuschen. Haaptsächlech d'Front krut en neie Look, vill LED an de Logo DS ass elo beliicht. Bannenan ass den Ecran an der Mëttelkonsol gewuess, deen DS Drive Assist 2.0 ass elo u Bord, fir deen hannert dem Volant ze entlaaschten, a mam IRIS System kann och elo Chat GPT getest ginn.
© Christian Schmit
Schloe mir nach d'Kapitel Präis op?
37.000 Euro mussen op d'mannst iwwerwise ginn, fir den neien DS N°4 säin eegen ze nennen. Soll et awer Plug-In Hybrid Versioun sinn oder de voll elektreschen E-Tense, da si mir awer scho no bäi 50.000 Euro.
Bon op alle Fall ass dësen egal wéi direkt disponibel, a ka jo vläicht déi dach zeréckhalend Ventë relancéieren.
© Christian Schmit