Renault 4
































































































Fréier war d'R4 en Auto fir de klenge Portmonni. Dat huet sech mëttlerweil geännert, an awer dierft e seng Fans fannen.
Et gëtt Marken, déi hu mat Revival-Modeller richteg Succès. Renault reit am Moment op esou enger Well. D'R5 huet sech mëttlerweil gutt etabléiert, elo soll dat mat der R4 och geléngen. Am Fréijoer war di international Presentatioun, an elo koum si fir en Alldagtest an d'Automagredaktioun. De Christian Schmit duerft dës fueren.
R5, R4, an elo geschwënn Twingo, jo Renault wëll et wëssen.Vum Design hier ginn et tatsächlech vill Parallellen, déi un den Erfollegsmodell aus vergaangenen Zäiten erënneren. Bis 1992 waren do jo 8 Milliounen där R4 zesummekomm.
© Christian Schmit
Wéi schléit deen Neie sech dann esou am Alldag?
Also et gi jo verschidde Versioune mat méi oder manner Luxus, enger 40 oder 52 kw/h Batterie. Mir goufe verwinnt a kruten den Topmodell mat der Top-Batterie. Am Alldag gëtt een dacks op de Fransous ugeschwat, an dat louch net just un der Faarf: Hauts de France Green.
© Christian Schmit
Nee vill haten och emol eng R4, a wollt wësse wat di 2025er Versioun dann esou kann. Ka par Rapport zum R5 emol méi Plaz proposéieren. Ass jo och 20 Zentimeter méi laang. Vir ass ee gutt opgehuewen, hannen och, mee schued, dass een d'Féiss net ënnert d'Sëtzer ka strecken. Soss ass den Interieur gutt gelongen, gutt verschafft, an alles läit handlech an am Bléckfeld vum Chauffer.
© Christian Schmit
Ass jo elo reng elektresch, passt dat och?
Bon ech si jo der Meenung, dass an där dote Kategorie d'Elektromobilitéit Sënn mécht. Déi 150 PS Leeschtung ginn déck duer, fir am Alldag ënnerwee ze sinn. D'Autonomie vun de versprache 405km si kaum dran, mee mat engem Verbrauch, deen tëscht 13,5 a 16kw louch, si mir net wäit ewech.
© Christian Schmit
Mir waren awer och an där Testwoch net vill op Autobunnen ënnerwee, an de Fuermodus stoung net permanent op Sport. D'R4 léisst sech am One Pedal System beweegen. Dat klappt ganz gutt, a recuperéiert gëtt och. Fiederung a Lenkung si ganz ok. Schued awer dass mat maximal 100kw ka geluede ginn, do ass awer haut mëttlerweil méi dran.
Eng R4 war jo sengerzäit ëmmer en Auto fir de klenge Portmonnie. An hautdesdaags?
Do laut awer elo eng aner Klack. Den Testauto mat der 52kw/h Batterie an Top Ausstattungsniveau, wat di al R4 ni konnt bidden, louch bei 38.000 Euro.
Vill Suen, mee seng direkt Konkurrenten leien och net dorënner, an esou kéint et klappe mat der zweeter Karriär vum Renault 4.
© Christian Schmit