Grouss Limousinnen hu bei Volvo Traditioun, dat ännert sech och net mam neie reng elektreschen ES90.

Alles gëtt a sech méi kleng. Just bei den Autoen trëfft dat net onbedéngt zou. Hei ass an de leschte Joren eng kloer Tendenz ze spieren, vun ëmmer méi laang an och méi breet. An dësen Automag geet et nees ëm ee laange Schlitt. Nämlech de Volvo ES 90. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun huet dee getest. Dee Volvo ass laang...

Automag: Volvo ES90

Et ass ee vun deenen Autoen, déi eng 5 vir hunn. Domadder mengen ech 5 Meter. De Volvo ES90 huet genau déi 5 Meter bei enger Breet vu 1 Meter 94. Do ginn d'Plazen an de Parkhaiser kleng. Mat deem Schlitt wëll Volvo um Elektro-Marché, deene grousse Premiummarken d'Stier bidden an och natierlech der chineesescher Konkurrenz weisen, datt een a Skandinavien nach ëmmer gutt Autoe produzéiere kann. Et muss een allerdéngs wëssen, datt och den ES90 zu Chengdu a China zesummegebaut gëtt.

RTL

© Rich Simon

Op der Strooss

Den Auto, deen ech am Test hat, war dee soi-disons Klengsten, wat d'Leeschtung an d'Kapazitéit vun deenen 3 Akkuen uginn, déi ugebuede ginn. Nämlech mat enger Kapazitéit vun 88kWh an enger Leeschtung vun 245Kw / 333PS. De Sprint op 100 ass domadder a 6,6 Sekonne gepackt. Bei engem Gewiicht vun 2.410 Kilo net schlecht. Wat mir direkt opgefall ass, du héiers absolut keng Geräischer. Dat hunn ech bis elo an där Form nach bei kengem Auto gehat. Sief et Wandgeräischer oder d'Pneuen, déi sech an de Kéiere bemierkbar maachen. Et ass ee komplett Zen ënnerwee. Um Testauto waren 22 Zoll Felge montéiert. Dat gesäit gutt aus, allerdéngs fillt den Auto sech doduercher awer bëssen haart un. Leider haten déi Responsabel vu Volvo keng glécklech Hand, wéi se Teststrecken erausgesicht hunn. Et war vill Stop&Go, an et konnt ee leider net dacks d'Fuereegeschafte vum Auto richteg erauskëddelen.

RTL

© Rich Simon

Ugangs hues du gesot, datt ee mam ES90 de Premiummarken d'Stier wëll bidden. Gléckt dat Volvo?

Op alle Fall! Et ass ganz kloer ee Premiumprodukt. Bannen am Auto fills de dech doheem, wéi an der schéinster Stuff. D'Sëtzer, an do war Volvo nach ëmmer dofir bekannt, sinn extrem komfortabel. Dobäi kënnt ee Panoramadaach, deen ee jee no Liichtverhältnisser kann dimmen oder net. Plaz hues de masseg am ES90.

RTL

© Rich Simon

D'Mall ass allerdéngs mat 424 Liter iwwersiichtlech.

Näischt Negatives?

E puer Saachen ginn et: Och Volvo kann der Tentatioun net widderstoen, datt alles muss iwwer den Display gereegelt ginn. Esouguer d'Säitespigelen. Fir beim Spigel ze bleiwen. Wann's de duerch deen no hanne kucks, da gesäis de näischt. Et ass zwar eng hënnescht Fënster am Auto, awer duerch d'Kappstëtzen ass déi zou barrikadéiert. Beim Polestar 4 huet een zum Beispill keng Fënster méi agebaut, dofir awer Kameraen. Hei hätt Volvo sech kéinten eppes ofkucken. Esou mécht déi hënnescht Fënster am ES90 kee Sënn. Dann nach ee klengen negative Punkt. D'Diere klappe sech bal zu 90 Grad op. Do kënnt een zwar gutt an den Auto eran an eraus, allerdéngs kënnt ee praktesch net un d'Klensch fir d'Dier zou ze zéien. Ausser et ass een een 2 Meter Mann, mat deementspriechend laangen Äerm.

RTL

© Rich Simon

Dann nach de Verbrauch an d'Präisser...

D'Autonomie gëtt Volvo mat 650 Kilometer un an de Verbrauch mat 15,9 kWh. Wat dat an der Praxis bedeit kann ech leider net richteg bewäerten. Wéi schonns gesot, waren d'Teststrecke suboptimal an et ass net méiglech ee fairen an objektive Verbrauch hei ze nennen.

Ganz präzis awer de Präis. Lass geet et bei 71.837 Euro fir den Auto mat 333 Päerd. 73.770 Euro fir 456 Päerd an Allradundriff  a fir d'Topversioun mat 680 Päerd an och 4 Rad gedriwwen, muss ee minimum 81.506 Euro bezuelen. Och hei ass een am Premiumsegment ënnerwee.

RTL

© Rich Simon