Automag - Nei um MarchéAlpine A390

Christian Schmit
Andy Brücker
Eventuell ass d'Zukunft bei Alpine net just reng elektresch...

Viru genee 10 Joer sinn d'Sloganen an éischt Teasere vun der franséischer Mark Alpine zirkuléiert. Elo 2026 huet ee schonn 3 Modeller opweises. Bleift et dobäi oder wat ass vläicht soss nach geplangt? De Christian Schmit ass et gewuer ginn op engem Presse Event heifir an der Belsch.

Automag: Alpine A390

„Alpine is back“ dat war 2016 dee Slogan, deen an der Automobil Welt der vill virwëtzeg gemaach huet.

Alpine op den internationale Parquet zeréck ze bréngen, deemols eng gutt Decisioun?

"Evidemment. Parce que tout a commencé avec la A 110, et là on a vu qu’il y a clairement un intérêt pour la marque sur le marché belge et luxembourgeois, et cela a permis de vendre 1 500 voitures. On est fier de cette petite sportive. Il y a encore énormément de passionnés qui aiment toujours la marque dès le début quand Jean Redelé en 1955 a construit la marque, qui bat dans le cœur."

A mam Julie D’Auwers, Country Manager Alpine BELUX lëfte mir dann och scho mol de Voile fir zukünfteg Modeller.

"La plateforme qui va sortir l’année prochaine s‘appelle APP Alpine Performence Platform, et là-dessus on va avoir une autre voiture construit sur la même base, et on va l’appeler l'A310, qu’on connaît de l’époque. Une 4 places 2 +2."

Reng elektresch oder awer net?

"Donc on a annoncé que les voitures qui vont sortir y sont électriques, c’est toujours le cas. Mais pour la future A110 elle va aussi sortir en thermique, voir hybride, là on ne le sait pas encore à 100%."

© Christian Schmit

Alpine vun Dieppe am Frankräich, dat ass eppes fir déi di et gäre sportlech hunn, a mam A390 huet een dann elo e weidert waarmt Eisen am Feier.

Mir waren an de belschen Ardennen op engem ganz ofwiesslungsräiche Road Book ënnerwee, an do huet ee séier gemierkt, dass hei de Sportler am elegante Kostüm em den Eck kënnt.
Zimmlech opwändeg mat gläich 3 E-Motricen. Eng Traktioun op di 4 Rieder, 400 oder 470 PS si méiglech.

© Christian Schmit

Dynamesch, sécher an agill kann hei effektiv attestéiert ginn. Dee bei Alpine an hirer Dream Garage entwéckelten Active Torque Vectoring mécht et méiglech. Extreem gutt ausbalancéiert.

© Christian Schmit

Mat der 89kw/ Batterie solle bis 550km Autonomie dra sinn. An hei dann de Bémol. Um Enn vun eisem Roadtrip stoungen 26kW Verbrauch. Jo mir ware sportiiv ënnerwee, an awer och bei méi moderatem Tempo ass d’Consommatioun ze héich. A vläicht de Präis vun dach bal 70.000 Euro.

Den Alpine A390, en elektresche Sportswon, deen awer och am Alldag mat Plaz a Polyvalenz ze iwwerzeege weess. À voir, wéi de Succès ausfält.

© Christian Schmit

INTERNET: Alpine A390
CRASHTEST: Alpine A390

Back to Top
CIM LOGO