Automag - Am AlldagstestHyundai Ioniq 6 N Line

Rich Simon
Net sou staark wéi d'N-Versioun, ma dofir awer mat aneren Avantagen.

Viru kuerzem hu mir op dëser Plaz schonns den Hyundai Ioniq 6 N virgestallt. Dat ass eng 650 Päerd staark Rennmaschinn. Elo ass et dann un där méi softer Versioun. Nämlech um Ioniq 6 N Line. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat déi zwee Autoen ënnert de Rieder. Kann een d'Renn-Versioun dann, mat deem normale Modell vergläichen?

Automag: Hyundai Ioniq 6 N Line

Optesch jo. Et ass jo déi selwechte Karosserie. Soss ass awer Villes anescht. Zum Beispill d‘Sëtzer. Déi sinn zwar och an der "N Line" sportlech gehalen awer esou ausgeluecht, datt ee komfortabel dra setzt och wann een e puer honnert Kilometer mam Auto ënnerwee ass.

© Rich Simon

Bësse manner Confort huet een awer op de hënneschter Bänk. Beefräiheet huet ee genuch, allerdéngs ass dat mat der Kappfräiheet net de Fall. Fir Leit déi 1m80 a méi grouss sinn, kënnt den Daach ganz no un de Kapp erun.

© Rich Simon

Huet datt da mat der Silhouette vum Auto ze dinn?

Genee esou ass et. Den Ioniq 6 ass eng laang gezunne Limousin. Et kann een de Hyundai bësse mam CLA vu Mercedes vergläichen. A well den Daach flaach no hannen erofgezu gëtt, geet eeben déi Kappfräiheet verluer, wat e bësse Schued ass bei engem Auto, dee mat 4m86 Zentimeter dach un der 5 Meter Grenz kraazt. D‘Mall ass mat 401 Liter och net iwwerméisseg grouss fir een Auto aus dem D-Segment. D‘Mall ass déif an huet och eng héich Luedkannt. D‘Accessibilitéit ass net immens.

© Rich Simon

Wéi gesäit et da global gesinn bannen am Auto aus?

Hei gëtt et guer näischt ze meckeren. Entgéint dem allgemengen Trend ginn et am Ioniq 6 nach Knäppercher fir déi wichteg Funktiounen, déi propper an der Mëttelkonsol, respektiv um Tableau de Bord, ubruecht sinn. Alles ass einfach ze bedéngen an d‘Steierrad läit gutt an der Hand. Ee klenge Kritikpunkt ass deen, datt awer nach relativ vill haarde Plastik zum Asaz kënnt. Positiv ass awer, datt praktesch dee ganze Banneraum aus recycléierbaren Materialien besteet.

© Rich Simon

Wéi fiert den Auto sech dann?

Och hei ginn et praktesch keng negativ Punkten. Den "N Line", deen hanne gedriwwen ass, läit gutt op der Strooss. D‘Lenkung, an dat kennt ee vun Hyundai, ass präzis. Et gëtt keen Iwwer- oder Ënnersteieren. Dat gutt Fuergefill huet villäicht domadder ze dinn, datt den Auto trotz senger Gréisst awer just knapps iwwer 2 Tonne wäit. Dat ass fir een Elektroauto wierklech gutt. Wat elo d‘Leeschtung ugeet, déi ass mat 225 PS an der hanne bedriwwener "N Line"-Versioun ok. De Sprint vun 0 op 100 huet een a 7,4 Sekonnen hannert sech. Am All Wheel Drive huet een 320 Päerd. Do dierft een da bësse méi sportlech ënnerwee sinn.

© Rich Simon

Wéi gesäit et dann aus mam Verbrauch a wat kascht den Ioniq 6 N Line?

Offiziell gëtt Hyundai de Verbrauch mat 13,5 kWh un. Un déi sinn ech net eru komm. Mäi Verbrauch louch bei knapps iwwer 18 kWh. Dat bedeit, datt een eng reell Autonomie vu ronn 500 Kilometer. Den Akku huet eng Kapazitéit vun 84 kWh. Mat der 800 Volt Technik, kann d‘Batterie vun 10 op 80 Prozent, an 18 Minutte geluede ginn. Den Ioniq 6 gëtt et vu 45.687 Euro un. Fir d'"N Line" muss een 54.631 Euro op den Dësch leeën.

© Rich Simon

INTERNET: Hyundai Ioniq 6 N Line

Back to Top
CIM LOGO