Automag - Sneak PreviewŠkoda Peaq

Christian Schmit
Andy Brücker
D'Press hat d'Geleeënheet den Auto ze testen, och wann en nach am Camouflage-Look getarnt war.

An dësem Automag si mer mat engem Prototyp ënnerwee. E Prototyp ass en Auto, deen eigentlech nach am Entwécklungsstadium ass, an dofir am Camouflage Look ënnerwee ass. Normalerweis fueren domat dann och just Entwécklungsingenieuren. Mee neierdéngs gëtt och elo d'Press invitéiert, fir en éischten Androck ze kréien an e puer Ronnen ze dréinen, esou wéi elo mam Škoda Peaq. De Christian Schmit war mat op den Tour.

Automag: Skoda Peaq

Jo de Modell Peaq vu Škoda ass dann och an Zukunft dee gréisste Modell am Portfolio. Nieft Enyaq, Elroc, geschwënn Epiq, dann elo dee véierten E-Auto vum tschechesche Constructeur. Och wann en elo nach staark getarnt war, erkennt een trotzdeem scho seng Dimensiounen. 4m90 laang, e Radstand vun bal 3 Meter, jo a soll Plaz fir bis zu 7 Passagéier proposéieren. Säin Numm gëtt natierlech vum englesche Wuert Peak, wat Spëtzt heescht, ofgeleet.

© Christian Schmit

E grousse Won deemno, an awer reng elektresch ugedriwwen

Jo de Peaq wärt et just elektresch ugebuede ginn, wann en am Hierscht am Showroom steet. Dat an zwee Leeschtungsniveauen, mat 204 PS an enger 60kw/h Batterie, an och mat enger 91kw/h Batterie an 300 PS an och eng 4X4-Versioun. Domat sollen da 460, respektiv 560km Autonomie méiglech sinn.

© Christian Schmit

Op den éischte Kilometer an der Lombardei um Lago di Como huet e scho gemierkt, dass de Peaq 2,4 Tonnen eidel op d'Wo bréngt.

© Christian Schmit

Fir de Verbrauch an der Gitt ze halen ass mat der klenger Batterie bei 160 à l’heure Schluss, mat där méi grousser bei 180.

Bon mir waren zu 3 ënnerwee op engem Circuit ronderëm de Séi bei dach scho vill Verkéier a stop and go. Nawell war de Peaq ënner 19 kw kaum ze beweegen. Wann een elo weess, dass ee jo theoretesch zu 7 kéint op den Tour goen?

© Christian Schmit

Bon fairerweis muss ee soen, dass sech op der drëtter Sëtzrei just Kanner wuel fillen, an den zukünftegen Topmodell och als 5 Sëtzer ka bestallt ginn. An der lescht genannter Konstellatioun sinn et da bis 1000 Liter Volume an der Mall.

Ass ganz maniabel a confortabel. Fuerwierk, Lenkung, a Veraarbechtung wossten trotz Prototyp schonn ze gefalen.

© Christian Schmit

Wat bitt dee Groussen da soss nach esou?

Op vill praktesch Detailer ass een houfreg. Beispillsweis de risege Panoramadaach, dee sech iwwer di ganz Längt vun der Karosserie zitt, Business-Class-Sëtzer mat Massage-Funktioun fir ze relaxe wärend dem Lueden. Oder en Dësch, deen an der Mëttelkonsol ka fixéiert ginn, an eng High End Soundanlag vu Sonos. An esou schwätzt Škoda dann och vun der Lounge oder Salon op Rieder, mee leider muss dofir awer extra geblecht ginn.

© Christian Schmit

Iwwer Präisser allgemeng gouf nach näischt verroden. Bestëmmt kuckt e wat deemnächst nach esou vun der Konkurrenz, besonnesch aus China, op eis duer kënnt. Wéi gesot och dat dote war eng Sneak Preview. Den definitive Voile gëtt dann Enn Juni op der internationaler Presentatioun gelëft.

© Christian Schmit

INTERNET: Škoda Peaq

Back to Top
CIM LOGO