Automag - Vill ÄnnerungenMercedes-Benz GLB

Akim Schmit
Mercedes huet viru kuerzem déi zweet Generatioun vum GLB virgestallt.

Fir den Automag war den Akim Schmit op der Virstellung mat dobäi. An hie weess, wat sech geännert huet.

Automag: Mercedes GLB

An nawell zimmlech vill – mee fänke mer mam Design un. Deen ass elo manner kanteg, a vill méi soft ginn. Manner Offroader, dofir méi Lifestyle-SUV. Domat passt en och méi bei säin Asaz als Familljenauto. Déi ausgepräägte Motorhauf an déi riicht ofgeschnidde Récksäit sinn awer erhale bliwwen. Esou erkennt een en als GLB erëm – oder et verwiesselt een e vun der Säit mam Smart #5…

© Akim Schmit

Da looss eis eraklammen. Ass en e richtege Mercedes, oder besteet do och Verwiesslungsgefor?

Wann, dann héchstens mam Mercedes CLA, mat deem e sech d’Plattform deelt. D’Bildschirmlandschaft, déi sech bal iwwert déi ganz Breet vum Auto zitt, ass nämlech déi selwecht – mat all hire Vir- an Nodeeler. Knäppercher gëtt et der just nach wéineg.

© Akim Schmit

En Trouscht ass héchstens, dass de System logesch opgebaut ass, an s de dech séier erëm fënns. An dass de Sproochassistent keng Tomaten op den Oueren huet, a mech ouni mech dauernd ze widderhuele verstanen huet.

E Familljenauto muss an éischter Linn jo praktesch sinn. Wéi gesäit et mat der Plaz aus?

De GLB ass ëm 10 Zentimeter gewuess – dat mierke besonnesch d'Passagéier an der zweeter Rei. Mam serieméissege Panoramadaach ass d'Raumgefill op alle Plaze lëfteg, a laang Etappe loosse sech och als grousse Mënsch op der Réckbänk aushalen. Optional gëtt et en och als Siwe-Sëtzer. Raumwonner sollt ee sech awer keng erwaarden. Fir d'Kanner an de Sport oder bei Kolleegen ze féiere geet et awer duer.

© Akim Schmit
© Akim Schmit

Domat wiere mer beim Fueren, respektiv beim Undriff. Wéi gesäit et do aus?

Den neie GLB kënnt a véier Versiounen: GLB 200, GLB 250, GLB 250+ an GLB 350 4Matic. D'Leeschtung geet vun 165 bis 260 kW. De klengste Modell kënnt mat enger 58-kWh-Batterie, déi méi staark mat enger 85-kWh-Batterie an um Pabeier eng Reechwäit vu bis zu 631 km. A mat der 800-Volt-Technik kann an 10 Minutte Stroum fir 140 bis 260 Kilometer nogeluede ginn.

© Akim Schmit

A wéi fiert e sech?

Wéi een et vun engem Familljen-SUV erwaart: roueg, komfortabel an iwwerraschend handlech. Ech sinn den 250+ mat sengen 200 kW (272 PS) gefuer, deen an all Situatioun souverän ze fueren ass, ouni datt ee méi Leeschtung vermësst. Méi dynamesch ass natierlech den 350 4MATIC mat Allrad. Dee packt de Sprint op Tempo 100 a 5,5 Sekonnen, mee d'Fuerwierk ass éischter op Komfort ausgeluecht.

© Akim Schmit

Vläicht nach e Wuert zum Präis?

Do verloosse mer d'Komfortzon… Lass geet et bei ronn 51.500 Euro fir de GLB 200 mat der klenger Batterie a 430 km WLTP Reechwäit. De GLB 350 4MATIC steet mat 63.000 Euro am Konfigurator.

© Akim Schmit

INTERNET: Mercedes-Benz GLB

Back to Top
CIM LOGO