800 PS am KombiBovensiepen presentéiert hiren neien "05 GT"

Chris Schagen
De renomméierten Designer Frank Stephenson, een 800PS Plug-in-Hybrid an ausgerechent ee Kombi: Zu Salzburg huet d’Famill Bovensiepen gewisen, datt nom Alpina-Verkaf nach net Feierowend ass… BMW vereedelen, dat läit hinnen am Blutt.

"Alpina ass Geschicht". Dee Saz héiert een zanter Ufank vum Joer ëmmer rëm, a falsch ass en net. Vum 1. Januar 2026 u gehéieren d'Markerechter vun Alpina elo offiziell BMW. Ween awer elo denkt, datt den Andreas a Florian Bovensiepen sech elo an de Wäinkeller vun der Famill zréckzéien, dee kennt si net.

Enn 2025 ass zu Bochloe am Allgäu dee leschten Alpina gebaut ginn. Produktioun fäerdeg, Kapitel zou. Mee amplaz vun der Pensioun gëtt et elo en neien Numm an en neie Logo (zweemol “B” Réck u Réck, ee fir d’Famill, ee fir Buchloe). Dat selwecht Team, dat och schonn Alpina gebaut huet. Den Ufank huet d'lescht Joer um Comer Séi de Bovensiepen Zagato gemaach.

An um Sonndeg, an der “Vega Sternwarte” héich iwwer Salzburg, gouf den zweete presentéiert: De Bovensiepen 05 GT. Kee Coupé, keen SUV - en eleganten Touring, ee Kombi! Awer ee mat 800 PS.

© Chris Schagen

Ënnert der Hauf ee V8 Plug-in-Hybrid mat enger Leeschtung vun 800 PS an impressionnanten 1.100 Newtonmeter. Domadder geet et an ënner 3,6 Sekonnen op 100 a weider bis op 305 km/h - an dat an enger “Familljekutsch”, 5,09 Meter laang a vollgetankt 2.555 Kilo schwéier. D'Basis vum Auto, dat erkennt een, ass den aktuelle BMW M5 Touring.

Déi gréisst Iwwerraschung gouf et wuel beim Design: Gezeechent gouf den 05 GT vum renomméierten Designer Frank Stephenson, de Mann hannert dem éischten X5, dem nei gebuerene Mini Cooper an ënnert anerem dem Hypersportler McLaren P1.

© Chris Schagen

Seng Handschrëft erkennt een och un der Designlinn, déi komplett ronderëm den Auto leeft an déi ee faarflech komplett fräi wiele kann. Dobäi kënnt een Inox-Frontgrill an een Akrapovič Auspuff aus Titan, deen “emotional bassbetount” klénge soll.

Bannen de volle Manufaktur-Programm, wéi een et och vum Zagato scho kennt: Lavalina-Lieder, eng nummeréiert Plack an eng hauseege Sattlerei, déi all Wonsch ëmsetze kann.

An de Präis? 198.900 Euro TVAC ab Wierk. Dat ass immens vill Geld… bis een et mam 370.000 Euro Basispräis vum Zagato vergläicht.

De Bovensiepen 05 GT steet fir Understatement, een Auto fir Leit, déi net musse gesi ginn - Sammler, Connaisseuren, deenen Handwierk an Individualismus am wichtegste sinn, an déi trotzdeem ee Grinsen am Gesiicht wëllen hunn, wann d’Rout Luucht op gréng spréngt.

© Chris Schagen

Back to Top
CIM LOGO