Am Fong leien d’Talenter vun engem PickUp op der Hand. Relativ vill Plaz, héich Zouluedung, Talenter am Terrain an ideal fir schwéier Unhänger ze zéien. Dofir bidde vill Marken de Pickup nach ëmmer un, esou och Ford mat hirem Ranger. Ganz nei ass do elo de Plug-in-Hybrid, deen de Paul Origer fir eis am Alldag getest huet.
Ausser Toyota, Nissan an Isuzu huet virun allem den Duo VW a Ford de PickUp scho méi laang am Programm. A wann een esou op d’Stroossebild oppasst, da genéisst nawell de Ford Ranger e grousse Succès.
Den Design
Wien onopfälleg wëll ënnerwee sinn, dee brauch hei net méi weider ze lauschteren oder ze liesen. De Ranger ass en typesche PickUp: imposant, eckeg, héich a laang mat risege Rieder an, wann ee wëll, och nach a peppege Faarwen, wéi dem hellen Turquoise vun eisem Testauto, ze kréien.

Den Interieur
Wann ee bis déi breet Trëttbrieder ouni Fleck an der Box iwwerwonnen huet, dann trount ee schéin héich iwwert dem Verkéier a kuckt op ee wuchtegen Tableau mat relativ vill Plastik. Mee dat spillt keng Roll, e Pickup soll robust a praktesch sinn, an esou ass et och am Banneraum.

De Ranger bitt genuch Plaz op alle Sëtzer an ass erstaunlech komfortabel. Ausserdeem huet e fir vill Funktiounen nach richteg Knäppercher an déi si relativ séier ze fannen. Och un Oflage gëtt net gespuert. Genervt hu wéi esou dacks awer d’Assistenzsystemer, fir déi ee sech dann awer muss duerch d’Menüe vum Infotainment wullen.
Den Undriff
U sech ass den typesche PickUp-Undriff en dréimomentstaarken Diesel – deen an ee potente V6-Bensinner ginn et och nach ëmmer, mee de Plug-in-Hybrid soll dem Ranger säi CO2-Bilan verbesseren. Hei schaffen ee 4-Zylinder-Turbobensinner an een Elektromotor zesummen.

Gekoppelt leeschte si zolidd 281 PS a 697 Nm a setze sech domat un d’Spëtzt vun der Motorepalett. An déi brauch een och, well laut Ford dierf de Ranger mat maximal 1 Tonn beluede ginn oder nach 3,5 Tonnen un de Krop huelen.

Op der Strooss
De Ranger ass tatsächlech ee richtege Ford. D’Fuerwierk reagéiert zwar nach liicht trampeleg, trotzdeem kruten d’Ingenieuren eng gewëssen Agilitéit an esouguer Fuerspaass erausgekëddelt. Den Hybrid-Undriff suergt dofir, datt et virugeet. Entweder réng elektresch, wou déi 75 kW vum E-Motor awer séier un hir Limitte stoussen, oder gekoppelt wou, wann néideg, den Allrad elektresch erméiglecht gëtt. Vun deene versprachenen 49 km Autonomie bleiwen dann och éischter 30 iwwereg. Mee domat léisst sech op kuerze Strecken auskommen – méi interessant ass den allgemenge Verbrauch, deen dacks tëscht 8 an 9 Liter gependelt ass. Fir esou een Ungetüm ass dat net iwwel.

Wat iwwerrascht, dat ass deen nach héije Confort. Quasi ouni Fuergeräischer zitt de Ranger roueg seng Bunn, d’10-Gang-Automatik mécht hir Aarbecht diskret a just heiansdo mat engem liichte Ruck. D’Parken ass dann awer éischter een Challenge. Knapp 5m40 sprengen all normal Parkplaz – do sinn déi vill Kameraen net vu Muttwëll.

Am Resumé
Obwuel bei den Utilitaire klasséiert, ass de Ranger net bëlleg. Iwwer 61.000 Euro si fir den Hybrid fälleg – eis Topversioun Stormtrak lant mat e puer flotten Optioune schonn emol séier bei iwwer 70.000 Euro.
