Twingo, dat war e beléifte Modell an der Gamme vu Renault. Elo ass e nees do, jo den annoncéierte Revival ass prett a gouf der internationaler Press op enger attraktiver Plaz presentéiert. De Christian Schmit war fir den Automag mat dobäi.
Jo et goung dohinner, wou am Summer "Big Party" ass a wou sech den Jet Set op de Luxus Yachten weist, fir de "seen and be seen", op d'Insel Ibiza.

De Modell Twingo koum zënter sengem Debut 1992 op remarkabel 4.150.000 verkaaften Exemplairen. A manner wéi 2 Joer gouf di 4. Generatioun entwéckelt, an et huet e sech wéi elo beim Renault 4 a 5 fir eng reng elektresch Versioun entscheet.
Also den Twingo och am Retro Look?
Genee, wann och ganz modern interpretéiert. En Plus ass den neien Twingo elo eng 4-diereg Versioun.
E bleift awer, wéi seng Virgänger, e ganz polyvalenten a praktesche Gesell, an dat op just emol 3m79.

Di hënnescht Eenzel Sëtzer kënne jee no Besoin ëm 16 Zentimeter geréckelt ginn, an esou bleift méi Plaz fir d'Been, oder fir méi Gepäck an der Mall. Bis zu 360 Liter sinn dran, a bei ëmgeluechtem Bäifuerersëtz passt och e Surfbriet eran.

Zu 4 kann et op den Tour goen, mee all ze grouss sollten di hënnescht Passagéier net sinn, soss stéisst ee mam Kapp uewe widder.
Bannenan ass esou en Twingo einfach gestréckt, mee mat Faarfakzenter a cleveren Detailer gëtt den Interieur opgepeppt.

E klengen Auto mat wéi enger Batterie dann?
O-Toun Renault. Den Twingo ass fir den urbanen a pre-urbane Raum kreéiert ginn. Di 27,5 kW/h Batterie mat enger Leeschtung vun 80 PS soll da gutt si fir a manner wéi 4 Sekonnen op 50 à l’heure ze sinn, 130 Km/h Spëtzevitesse, an eng Autonomie vun 260km. Bei ideale Konditioune wuel verstanen.
Op enger Plaz wéi Ibiza mat wéineg Autobunn-Passagen a Fréijoerstemperaturen koume mir op 12kW Verbrauch.
Den Twingo luet mat grad emol 6,6 kw, optional sinn et der 11. Ganz séiert Lueden un der passender Borne geet och, awer op 50kW limitéiert.

Wéi fiert e sech dann esou?
Also wann ee jo elo weess, dass am Renault Grupp och Dacia den E-Auto Spring ubitt, da mierkt een hei awer e grousse Progrès. Fuerverhalen, Lenkung a Fiederung vill méi präzis, jee gefillt eng aner Klass Auto. E mécht Spaass, dee Klenge-Groussen. An houfreg ass een drop, dass vill Assistenz- an Infotainmentsystemer aus der Kategorie driwwer och hei u Bord sinn.

Präis a Fazit dann nach eventuell?
Ma gären. Bei 19.000 Euro geet et lass an der Versioun Evolution, Top Versioun dann Techno fir 20.600 Euro.
Wann een elo nach di attraktiv staatlech Primm vu 6.000 Euro ofzitt, da gëtt scho ganz interessant. Den Twingo bleift praktesch a ganz maniabel. De Radius beim Dréine läit bei 9m87.

Ech denken, den Twingo kéint nees en Erfolleg ginn. E modernen E-Auto mat attraktivem Retro-Design an no deem d'Leit sech ëmdréinen.
Déi "Bulle d’énergie positive", wéi Renault dat gesäit, leeft zu Novo Mesto a Slowenien vum Band.
Ab Juni bei eis am Showroom, an da gi mir gewuer wéi beléift e wäert sinn.
