An dësem Automag komme mer op en Auto ze schwätzen, mat deem eng italieenesch Mark nees probéiert Fouss ze faassen. A si investéieren nawell vill an dëse Projet. Rieds ass vun der Mark Lancia, an de Modell ass den Ypsilon. Den Andy Brücker hat de klengen Italieener am Test an d’Virfreed war grouss, wéi ech héieren hunn?
Genee esou ass et. Ech hat nämlech schonn d’lescht Joer d’Geleeënheet den Ypsilon an Italien op der Teststreck vu Lancia kuerz ze testen. Deen Ament war et déi sportlechst Versioun, déi déi zwee legendär Buchstawen HF mat am Numm dréit, beschtbekannt aus der Rallyewelt.
Du wars elo hei awer net mat engem Rallyeflitzer ënnerwee...
Nee leider net, an awer war ech frou den Ypsilon e puer Deeg fueren ze kënnen, well d’Fuerzäit an Italien war definitiv immens kuerz. Ech hat dann hei och net de vollektreschen HF mat 280 PS, ma déi méi brav Versioun als Mild-Hybrid. Hei ass en 1200er 3-Zylinder verbaut, deen et op 100 PS bréngt. A Kombinatioun mam Mild-Hybrid-Undriff sinn et maximal 110 PS an 205 NM Dréimoment. Dat geet méi wéi duer, fir gutt duerch den Alldag ze kommen. Geschalt gëtt iwwert eng 6-Gang-Automatik mat Doppelkupplung.

Wat ass dann dat éischt wat dir afält, wann een dech nom Ypsilon freet?
Do géif ech soen: individuellen Design an eegestännegen Interieur. Ech kann et net un eppes genee ausmaachen, ma iergendwéi huet den Design vum Ypsilon mir et ugedoen. A mengen Aen gesäit en einfach gutt aus, dann och mat där Liichtsignatur un der Front, d’Aart a Weis wéi d’Réckluuchten am Heck integréiert sinn.

Am Interieur de scho bal flauschege Sëtzbezuch, deen en Hauch vun Nostalgie aus de 70er an 80er Jore verspreet. Eng Partie ganz speziell Elementer am Banneraum sinn dann allerdéngs e bësse méi schwéier, fir sech dofir ze begeeschteren.

Elo méchs de mech awer virwëlzeg... wat genee mengs de domadder?
Majo et gëtt eng Zort “Oflag”, déi wéi en Zerwéierteller an der Mëtt vum Table de Bord erausluusst. Hei kann een engersäits den Handy hileeën fir en ouni Kabel ze lueden, an anerersäits ass nach eng grouss Oflagfläch do, fir soss Kreemche wéi Schlësselen, Mënz, Knätsch oder soss eppes.

Ma... si hunn d’Konzept net ganz fäerdeg geduecht, well iergendwéi bleift den Handy net op senger Plaz leie wann ee fiert, an d’Oflagfläch ass sou glat, dass alles no der éischter zackeger Kéier am Foussraum läit.
Soss fir de Recht si wierklech flott Elementer am Cockpit verbaut, mat ongewinnte Faarwen a Musteren, déi d’Aen beschäftegen an erfreeën. Et däerf allerdéngs net ze no kucke goen, respektiv ass d’Haptik och net grad esou positiv, wéi ee sech et op den éischte Bléck wënscht. Et ass dann dach deels zimmlech bëllege Plastik, ma si hu sech awer méi gi beim Look, dat muss een hinne loossen.

Komme mer dann awer nach op d’Fueren ze schwätzen, wat jo och net ganz onwichteg bei engem Auto ass.
Absolutt richteg. Fänke mer mol beim Fuerwierk un... ech hu mer a mengem klengen Notizheft dozou keng Notiz gemaach, deemno ass et op alle Fall mol net negativ opgefall. Wat mer awer negativ opgefall ass, ass de Startknäppchen, well dee wollt net ëmmer, wéi ech wollt. Ech hu bis zum Schluss net erausfonnt, wourunner et louch, ma ech hunn dacks méi wéi eng Kéier mussen drop drécken, fir den Auto ze demarréieren.

Wärend dem Fueren huet dann nach de Spuerhalteassistent dacks gemengt, hie misst sech mellen, obwuel en awer nu wierklech kee Grond dozou hat. Mam Sproochassistent sinn ech och net waarm ginn... vläicht hätt ech et op italieenesch musse probéieren, mä där Sprooch sinn ech leider net mächteg.
Positiv ass de Verbrauch. Wann een net iwwerdreift, si labber 800km a méi mat enger Tankfëllung méiglech, dat bei engem Tankvolume vu 44 Liter. Mäi Verbrauch louch bei ëm déi 5,3 Liter. Et geet och nach méi spuersam, ma ech war och vill op der Autobunn ënnerwee. Ugi si 4,5 Liter, wat sécherlech machbar ass.

Ech si gär mam Ypsilon gefuer, och fir zum Beispill akafen ze goen, geet et labber duer, dat mat 352 Liter Volumen an der Mall, wat iwwer 40 Liter méi si wéi beim Elektromodell. D’Plaz op der Réckbänk ass allerdéngs limitéiert. Do passen zwar Leit hin, ma grouss däerfen déi net sinn. Ech sëtzen ëmmer zimmlech no um Steierrad, an hat hannert dem op mech agestallte Fuerersëtz och net wierklech eng angeneem Sëtzpositioun.

Ahjo eng Saach nach, déi direkt e puer mol geschitt ass. Beim eraklammen, ass mer puer mol den Teppech am Foussraum verrutscht. Dat kann nawell geféierlech ginn, wann deen ënner d’Pedalle rutscht. Wou ech bis wousst, dass déi Clipsen den Teppech net wierklech gutt unhalen, hunn ech drop opgepasst beim eran an erausklammen, ma déi kéinten eng Grëtz besser zoupaken a mengen Aen.
Wat mer opgefall ass, wéi ech d’Fotoe bis gesënnert hunn, ass wéi vill Stëbs een op dem schwaarze blénkegen Elementer am Cockpit gesäit. Dat ass e Problem, dee vill Autoen hunn, déi op dee Piano-Lack-Look setzen. Hei sollt een, deen dat stéiert, da sécherstellen, dass en ëmmer e Mikrofaserduch oder eng Stëbslomp dobäi huet.

Wéi fält däi Fazit aus a wat kascht den Ypsilon?
Ënnert dem Stréch verbleift e positiivt Gefill bei mir. Ech fannen en optesch uspriechend, d’Motorkonzept passt gutt bei den Auto an e verspreet einfach eng Zort vun italieenescher Liewensfreed am Deels triste Bild op eise Stroossen. D’HF-Versioun bréngt dann och nach de sportlechen Touch mat an d’Spill, wouduerch d’Clientèle dann och méi breet opgestallt ass. Natierlech gëtt et vill Konkurrenz an deem Segment, an et däerf ee gespaant sinn, wéi den Ypsilon sech ka behaapten, dat virun allem och géint Modeller aus dem eegenen Haus Stellantis, wéi zum Beispill den Opel Corsa oder de Peugeot 208. Präislech geet et lass bei ëm 25.000 Euro.
