Automag - Am AlldagstestHonda Civic (Facelift)

Andy Brücker
Sportleche Look mat Undriffsprinzip, dat op Effizienz ausgeluecht ass. Wisou hunn net méi Leit deen Auto um Radar?

Am Automag vun haut presentéiere mer éischt en Auto, deen et elo schonn an der 11. Generatioun gëtt, deemno dierft jidderee schonn an iergendenger Form scho mol a Kontakt mat sou engem komm sinn. Rieds ass vum Honda Civic an den Andy Brücker hat d’2026er Editioun am Test.

A wa mer vun der 2026er Editioun schwätzen, dann ass et an dësem Fall e Facelift, bei deem virun allem kleng Akzenter un der Front geännert hunn, et ginn elo nei 18 Zoll Alu-Felgen an zousätzlich kann een elo och aner Faarwe fir de Lack wielen. D’separat Niwwelluuchte goufen aus dem viischte Parechoc erausgeholl a goufen elo vun der Funktioun hir an den neien LED-Luuchten integréiert.

© Andy Brücker

Wierklech opfälleg sinn d'Ännerungen deemno just fir Experten, déi de Civic gutt kennen?

Jo absolut, well wa mer éierlech sinn, wierklech vill Honda Civic’e gesäit een net méi an eisem Stroossebild. Ech hat d’lescht Joer schonn emol de Civic am Test an ech muss zouginn, ech war Ufanks skeptesch, ob se mer net nees de selwechten Auto dohi gestallt hunn. Ma nee, et war wierklech de Facelift. Nodeems den Honda Civic Type R jo elo aus dem Portfolio bei Honda erausgeflunn ass, ass dësen Honda Civic elo deen eenzegen, deen een nach kritt.

Deen eenzegen? Et gi jo awer warscheinlech verschidde Motoriséierungen?

Nee, eben net. Et kritt een de Civic just nach als Hybrid. An den Asaz kënnt en 2 Liter 4-Zylinder Bensinnsmotor, a Kombinatioun mat zwee Elektromotoren. Mir schwätzen dann hei vun 184 PS. Ma deen Hybridsystem ass nawell zimmlech clever.

Et kann een en an 3 verschiddene Modi benotzen. Entweder reng elektresch, dat bei niddreger Vitess. Als Hybrid, woubäi d'Rieder dann awer just vun den Elektromotoren ugedriwwe ginn, an de Verbrennermotor just als Energiegenerator fir den Elektroundriff déngt.

Oder als renge Verbrenner... dat ass dann de Fall, wann ee mat konstant héijer Vitess op der Autobunn ënnerwee ass zum Beispill.

Iwwert d'Brems gëtt iwwerdeem stänneg Energie recuperéiert, fir d’Batterie vum Elektroundriff ze lueden.

© Andy Brücker

Wéi spiert sech dat dann u beim Fueren?

De Wiessel tëscht deene verschiddene Fuermodi fält engem quasi net op, wann ee sech et net grad am Display uweise léisst. Doduerch, dass ee gréisstendeels elektresch fiert, huet een och net dat deels nervegt Héichtouren, dat eng CVT-Boite alt ka mat sech bréngen, wann ee beschleunegt. D'Fuerwierk ass angeneem bequeem, ouni schwammeg ze wierken an d'Lenkung ass och zimmlech direkt, jo scho bal sportlech.

© Andy Brücker
© Andy Brücker

All déi wichteg Funktioune vum Auto kann een nach mat engem Knäppche bedéngen, déi och en angeneemt Klickgeräisch vu sech ginn. Et muss een net laang mam Auto fueren, fir sech direkt zurecht ze fannen. Den Interieur ass alles an allem zimmlech däischter gehalen, och den Daachhimmel ass schwaarz. D'Sëtzer si bequeem, bidde genuch Säitenhalt fir den Alldag an d'Veraarbechtung ass op engem gudden Niveau fir dat Präissegment. D'Aarmleenen zum Beispill sinn och gepolstert, souwuel un der Dier wéi och an der Mëttelkonsol.

© Andy Brücker

D’Mall huet eng duerchschnëttlech Gréisst vu 410 Liter, bis zu ronn 1.200 Liter, wann een déi hënnescht Sëtzer ëmklappt. Et muss een allerdéngs bedenken, dass een duerch d’Hatchback-Coupé-Form vun der Mall an der Héicht limitéiert ass. Interessant ass och d'Gepäckraum-Ofdeckung. Dat kennt ee jo meeschtens, dass een dat vun den hënneschte Sëtzer a seng Richtung zéie kann, fir dass een duerch d'Fënster vun der Mall net gesäit, wat an der Mall läit. Beim Civic geet dee Riddo allerdéngs vu lénks no riets a gëtt dann do agehaakt.

© Andy Brücker

Doduerch brauch ee keen zousätzlecht Element, fir dëse festzemaachen, respektiv dat ee muss eraushuelen, wann een déi hënnescht Sëtzer ëmleet, fir eppes Gréisseres an d'Mall ze kréien. Dacks weess ee jo dann net, wou ee mat deem Riddo-Element soll higoen an um Enn läit et iergendwou an der Garage um Buedem, oder et leet een et an d'Mall an do hënnert et oder et fäert een, dass eppes dru kënnt. Deemno zimmlech clever vun Honda, dat muss ech hinne loossen.

© Andy Brücker

Mäi Verbrauch louch bei 5,8 Liter, dat iwwert eng Streck vu 540 Kilometer. Wéi sou dacks bei mengen Autotester, ass do och ee groussen Undeel Autobunn mat dran, well ech eben iwwer dee Wee op d'Schaff fueren. Et kann een deemno nach vill méi spuersam fueren, wann ee selwer manner op der Autobunn ënnerwee ass.

© Andy Brücker

Et gouf awer och eppes, wat dech opgereegt huet.

Jo an dat war de Faite, dass een Apple Carplay wireless konnt benotzen, fir Android Auto brauch een awer den USB-Kabel. Also beim beschte Wëllen... ech verstinn et einfach net. Dat bei engem Auto aus dem Joer 2026. Mëttlerweil kritt een bei sou vill Autoe schon Over The Air Updates op den Auto opgespillt, ma wann ech Googlemaps vu mengem Handy wëll um Display ugewise kréien, muss ech e Kabel uschléissen? Wgl Honda... schalt dat och fir Android Auto wireless fräi. Merci. Och beim Lane-Assist kéint ee bei der Software nach emol nojustéieren.

© Andy Brücker

Wéi fält däi Fazit aus?

Also fir een, deen e 5-Dieregen Auto wëll, mat genuch Plaz fir déi ganz Famill, en zimmlech sportlechen Design, eng gutt Veraarbechtungsqualitéit, an dann och nach e spuersamen Undriff mat Elektro-Fuergefill, ouni de Stressfaktor vum elektresche Lueden ze hunn..., dee sollt op alle Fall mol bis bei Honda luusse goen, ob de Civic net eventuell eng Optioun fir en ass. Well präislech ass en absolut interessant an, dat bei guddem Equipementsniveau, well scho fir ronn 35.000 Euro kann ee sech en neie Civic gënnen.

© Andy Brücker

Bei eisem Testauto hate mer nieft dem Sports Pack, mat Karosserieelementer a schwaarz, wéi zum Beispill dem hënneschte Spoiler oder de Spigelkapen, och nach de "Sports Extension Pack". Hei sinn dann nach weider Elementer a schwaarz gehalen, wat dem Auto méi e sportlich-aggressive Look gëtt (Frontgrill, Afaassunge vun de viischte Luuchten an ënneschten Deel vum hënneschte Parechoc).

© Andy Brücker

Back to Top
CIM LOGO