Et gëtt fir alles eng éischte Kéier – an esou kënnt et vir, dass een och no 20 Joer beim Automag nach laang net all Autosmark gefuer ass. Beim Paul Origer duerft elo rezent esou eng Mark Première feieren, an zwar Maserati. Am Lëtzebuerger Presse-Fuerpark war nämlech den neie GranCabrio Trofeo ukomm, a wann och kee Cabriowieder war, huet de Paul fläisseg seng Testkilometer domat ofgespullt.
Maserati – deen Numm geet esou gutt erof wéi de Sound vun hire Motoren. Mee déi italieenesch Autosmark kuckt op eng turbulent Geschicht zeréck. Mat vill op an of limitéiert d’Gamm sech aktuell op grad emol 4 Modeller. Zwee dovunner an nach e richtege Maserati sinn d’Koppel GranTurismo a GranCabrio, déi 2024 nei opgeluecht goufen. Déi oppe Versioun stoung elo ganz passend am verreenten a kale Februar um Menu.

Den Design
Wann e Maserati eppes huet, dann ee Wiedererkennungswäert: déi typesch grouss oval Kalander mam Dräizack, déi bombéiert Schutzblecher, déi ronn Formen, déi sech bis no hannen zéien – dat huet eppes. Och de Cabrio, an eiser Versioun Trofeo am blu Modena mat Granata Daach, weist den Italieener hir Léift zur Ästhetik. Hei si véier chroméiert Auspuffréier net nëmmen Deko, mee si hunn nach hir Funktioun.

Den Interieur
Maserati setzt virun allem op eppes, dat ass Individualismus. Warscheinlech verbréngt ee méi Zäit beim Wiele vun de Faarwen a Matièren, wéi bei de Motorisatiounen. Den Testauto war bannen am schlichte schwaarze Lieder mat roude Bitzereien ausgekleet, mee esou mëllt Lieder bréngen net vill aner Marke fäerdeg. Leider ass den Zäitalter vun de Bildschiermer och zu Modena ugeklongen an de GranCabrio ze bedéngen ass net onbedéngt intuitiv. Entweder sinn ze vill Funktiounen op klengem Raum, oder et ass verstoppt, sief et an Ënnermenuen oder wéi d’Knäppercher fir de Radio um Steier.

Kleng Defaute bei der Veraarbechtung ginn et och, wéi de bëllege schwaarze Pianolack-Plastik um Steier, eng Chauffersfënster déi net dicht gemaach huet, oder déi labber Verkleedung am Foussraum.

Op der Strooss
GranTurismo heescht de Coupé-Brudder an dat ass och Programm beim Cabrio. Deen Auto soll alles kënnen: laang Strecken ouni de Chauffer midd ze maachen an awer och emol de wëlle Rëtt iwwert d’Landstrooss, fir den Adrenalin un d’Kachen ze kréien. Trotz Downsizing op den Nettuno-Biturbo-V6 kléngt den Trofeo wéi een dat vun engem Maserati erwaart: mat vill Bass, awer och emol rau wéi ee Rennwon oder awer am Hannergrond fir der exzellenter Sonus Faber-Stereoanlag de Virtrëtt ze loossen.

An eppes huet den Trofeo mat 550 PS a 650 Nm genuch: Leeschtung! Déi knapp 1900 Kilo gi Spilles beweegt. An 3,6 Sekonnen ass 100 erreecht a wann een net lassléisst, da geet d’Nol bis 316. Probéiert hunn ech dat net, genuch beandrockt huet de Gripp vum Allrad beim Beschleunegen, wéi déi immens Villsäitegkeet vum Fuerwierk. Sportlech straff am Sportmodus ouni ze iwwerdreiwen oder wierklech gemittlech an der GT- oder Comfort-Positioun. Dozou eng Steierung, déi gutt zeréckmellt an eng Automatik déi entweeder total douce oder, via déi skulptural Schaltpaddelen um Steier extreem zackeg schalte kann.

Am Resumé
De Maserati GranCabrio ass e villsäitegen a rassege GranTurismo mat Alldagsnotzen, wann een emol vun der butzeger Mall an den Alibi-Récksëtzer ofgesäit. Et muss ee sech e just leeschte kënnen. De Verbrauch vu 14 Liter ass nach Peanuts, mee éischter de Startpräis vu ronn 162.100 Euro deet wéi. Eisen Testwon an der Trofeo-Topversioun koum mat e puer Optiounen op houfreg 217.628 Euro.

INTERNET: Maserati GranCabrio