Den E steet fir elektresch an den S fir Sedan, also Limousin. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat den ES90 am Test. Et war awer net déi éischte Kéier, datt hien den Auto gefuer ass.
Ech hat Geleeënheet den Auto schonns op der offizieller Presentatioun ze fueren an elo hat ech de Volvo wärend eng ganzer Woch, ënnert de Rieder. Dat war och gutt, well wärend der offizieller Testfaart viru 9 Méint, konnt een den Auto net esou richteg fueren. D'Strecke ware schlecht eraus gesicht an et war ee praktesch am "Stop and Go"-Modus ënnerwee. Op de Lëtzebuerger Stroossen, war dat awer elo anescht.

Hues du den Auto awer rëmkannt?
Natierlech! Den ES90 ass eng Limousine, vu genau 5 Meter. Den E steet fir elektresch. Et ass een also mat enger Batterie ënnerwee. Déi huet beim klengste Modell 92 kWh. Bei deenen zwou méi staarke Versiounen, ass eng 106 kWh Batterie verbaut. Ech war mat der klenger Versioun ënnerwee. An déi ass dann och just hanne gedriwwen. Béi deenen zwee anere Modeller ass ee mat 4-Rad-Undriff ënnerwee.
Wéi war‘s du da mat där méi klenger Versioun ënnerwee?
Aus der Batterie kommen 245 kW, dat sinn 333 Päerd. An déi ginn a mengen Aen och duer, fir d‘Single Motor Extended Range. Beim Twin respektiv beim Performance Motor, huet een 456 an esouguer 680 PS zu Verfügung. Ech hat den Auto am Abrëll, bei relativ waarmen Temperaturen a Wanterpneuen.

An déi Kombinatioun huet net esou richteg gepasst. Wann een op de Gas getrëppelt huet, hunn d‘Rieder hanne méi wéi eng Kéier duerchgedréit. Ech hoffen, datt dat bei de Modeller mat 4-Rad-Undriff besser ass. Dat ass et awer och schonns bal, mat der Kritik um Fuerverhalen. Dat ass nämlech excellent, virun allem wann een d'Loftfierderung, déi et an der Optioun gëtt, mat dobäi huet. Reese mécht da mat deem Auto Freed.

Wéi gesäit et da bannen am Auto aus?
Mëttlerweil gëtt de Volvo net méi a Schweden gebaut mee a China an engem Wierk vum Geely Grupp. An dat mierkt een. Net un der Qualitéit, awer un der Funktionalitéit. Alles geet iwwer den Display. Esouguer d‘Händschekëscht muss doriwwer opgemaach ginn. Dat kennt ee schonns vu Polestar.

Eppes wat mech awer immens gestéiert huet, ass den Tempomat. Deen ass nämlech un deem Schalter, wou d‘Gäng sinn. Also op der rietser Säit hannert dem Steierrad. Wann een dann awer d‘Vitesse wëll erop oder erof setzen, da muss een dat op der lénkser Säit vum Steierrad maachen. Dat ass dach awer bësse speziell. Wat mech och nach gestéiert huet ass de Feierläscher. Deen ass lénks vum Bäifuerer senge Been ubruecht. Fir een Auto aus dem Premium Segment, muss een dat besser léisen.

Wéi gesäit et mam Verbrauch an dem Präis, respektiv de Präisser aus?
Volvo gëtt de Verbrauch, mat 15,6 kWh an der Moyenne un. Un dee Wäert sinn ech awer net eru komm. Mäi Verbrauch louch bei knapp 20 kWh. Dat heescht, datt och d‘Autonomie, laut WLTP, vu 662 Kilometer bei mir erof gaangen ass op gutt 500 Kilometer. Duerch 800 Volt Technik kann ee mat bis zu 300 kW lueden. Bei der grousser Batterie esouguer mat 350kW. Dat ass gutt. Wat d‘Präisser ugeet. De klenge Modell, gëtt et vun 72.490 Euro an der einfacher Ausstattung, un. Bei der Topversioun, dem Twin Motor Performance, muss een awer schonns 91.990 Euro op den Dësch leeën.

INTERNET: Volvo ES90