De Weekend iwwert gëtt d'Bëtongskonstruktioun, déi 25 Meter laang an 12 Meter breet, op d'Plaz gesat.

Zënter e Freideg 13 Auer an nach bis e Méindeg de Moie 4 Auer ginn zu Walfer gréisser Aarbechten duerchgefouert. Een 2.000 Tonnen schwéieren Tunnel gëtt nämlech ënnert d’Schinnen gedréckt a soll an Zukunft vun Autofuerer a Foussgänger genotzt ginn. D’Barrière, déi de Verkéiersfloss an der Vergaangenheet op där Plaz ofgebremst huet, wäert verschwannen.

VIDEO: 2.000 Tonne schwéieren Tunnel gëtt ënnert Schinne gedréckt
D'Bëtongskonstruktioun ass 25 Meter laang an 12 Meter breet. Eng 80 Aarbechter schaffen um Chantier, si wiessele sech a Schichten of.

Wéinst den Aarbechten ass d’Zuchstreck tëscht der Stad an Ettelbréck nach bis e Méindeg de Moie 4 Auer gespaart. Zich ginn duerch Bussen ersat. Dat well zu Walfer Schinnen ewechgeholl goufen a Buedem ënnert de Gleiser erausgeholl goufen. D’Tunnelkonstruktioun gouf nëmmen e puer Meter vun der Plaz ewech gebaut a wäert deemno elo ënnert d’Gleiser gedréckt ginn.

D'Bëtongskonstruktioun ass 25 Meter laang, méi ewéi 12 Meter breet an iwwer 2.000 Tonne schwéier. Bei deenen Aarbechte sinn eng 80 Mataarbechter vun enger Baufirma am Asaz, déi sech a Schichten ofwiesselen. Bis ewell goufe schonn eng sëlleche Virbereedungsaarbechte gemaach. Ënnert anerem goufe Mauere frësch gemaach an deplacéiert. Donieft, gouf um Reseau geschafft. Wann de Bëtongskader da bis steet, géif un der Ramp geschafft ginn, esou d’Ponts et Chaussées.

De Ponts et Chausées no, géif ee probéieren, esouvill ewéi méiglech Barrièren hei am Land ewech ze huelen a se duerch Tunnellen ze ersetzen, fir de Verkéier méi sécher a méi fléissend ze maachen. Esou soll deen zukünftegen Tunnel ausgesinn, mat där Ramp a Form vun enger Spiral. Am Summer d’nächst Joer sollen d’Aarbechte fäerdeg sinn.