An der Emissioun “Dir hutt d’Wuert” stoungen déi fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring an de Gerry Wagner vum House of Automobile de Leit Ried an Äntwert. D’Lëtzebuerger House of Automobile, dat d’Autosindustrie hei am Land vertrëtt, begréisst dat, wat en Dënschdeg als sougenannten Autospak vun der EU-Kommissioun presentéiert gouf. D’Kommissioun proposéiert, op Drock notamment vun der Autolobby a Länner wéi Däitschland an Italien, datt vun 2035 un d’CO2-Emissiounen net méi mussen ëm 100 % reduzéiert ginn. Dat hätt de facto de kompletten Aus fir Bensinn an Dieselmotore bedeit. Elo sollen d’Emissioune just nach mussen ëm 90 % gedréckt ginn, sou de Virschlag vu Bréissel. De Rescht soll kompenséiert gi mat gréngem Stol aus Europa a syntheetesche Kraaftstoffer, Stéchwuert E-Fuels. De ganze Pak muss elo nach vun de Memberstaaten an dem Europaparlament ofgeseent ginn.
An eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert” huet de Gerry Wagner vum House of Automobile begréisst, datt een ewechkomm wier vun engem strikte Verbuet a betount, Europa géif weider un de Klimaschutz-Ziler festhalen. Mä dat, wat elo um Dësch läit, géif de Leit an der Autosindustrie méi Flexibilitéit ginn. Dat géif souwuel bei deenen engen, wéi deenen aneren Drock ewechhuelen. Notamment déi däitsch Autosindustrie stécht an enger ganz déiwer Kris. Mercedes, BMW a VW hunn am drëtten Trimester deen déifste Benefice zanter 2009 notéiert. Observateure si sech awer eens, datt d’Problemer wäit iwwert de Verbrenneraus eraus ginn.
Déi fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet nach emol den initiale Plang a puncto Mobilitéit am “Green New Deal” verdeedegt. Et wier ni geplangt gewiescht, fir vun 2035 all Verbrennerautoe vun den europäesche Stroossen ze verbannen. Et sollte just keng nei méi bäikommen. An déi CO2-Reduktioun, déi misst och kommen fir d’Klimaziler eescht ze huelen an d’Leit virun héije Pëtrolspräisser ze schützen, sou d’Joëlle Welfring. China hätt Europa scho bei der Elektromobilitéit iwwerholl. All zweeten Elektroauto um europäesche Marché wier scho chineesesch. Déi gréng Oppositiounspolitikerin fäert , datt déi nei Pläng zousätzlech veronsécheren. Hei hätte sech elo besonnesch konservativ Kräften an Autobauer-Länner wéi Däitschland an Italien mat hirem Drock op d’Kommissioun duerchgesat kritt. Anerer wéi Spuenien a Frankräich zum Beispill hätte léiwer um éischte Plang festgehalen. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes soll eis am Laf vum Nomëtteg e Statement ginn.
Vill Leit, déi eis kontaktéiert hunn, gesinn de Réckzéier vun der EU-Kommissioun duerchaus positiv. Et wier gutt, datt d’Leit elo näischt méi opgezwonge kréien. An der Diskussioun op der Antenn hunn Nolauschterer duerchaus och d’Virdeeler vum Elektroauto an de Comfort ënnerstrach. Mä d’Batterien, d’Autonomie, d’Bornen, den héije Uschafungspräis an och dee quasi inexistenten Occasiounsmaart bleiwe grouss Defien, déi och d’Leit gesinn an déi se dovunner ofhalen, fir ëmzeklammen. Een Nolauschterer sot, d’Politik hätt et verpasst, d’Leit matzehuelen an ze informéieren. Een anere fäert, datt et net bei den 10 Prozent Flexibilitéit bleiwe wäert, mä datt de Verbrenneraus nach weider wäert verwässert ginn. “Felicitatioun un déi däitsch Automobillobby”, war dësem Mann säi Fazit. E battere Fazit fir hie fir de Klimaschutz.
De Gerry Wagner vum House of Automobile an déi fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring hu sech de Froe vun eisen Nolauschterer a User gestallt.
Dir hutt d’Wuert: Sot eis Är Meenung an diskutéiert um Radio mat, dëse Mëttwoch tëscht 8 an 8.30 Auer, live, respektiv iwwert de Repondeur 13 33, eng SMS op de 60 330, via d’RTL-Facebook-Säit oder hei op RTL.lu.