D'Avantagë vum Kollektivvertrag, vun deenen iwwer 100 Salariéë profitéieren, gëlle réckwierkend op den éischte Januar vun dësem Joer.

Wärend deenen 3 Fouerwoche si bal eng hallef Millioun Leit mam Tram gefuer. Dee Chiffer gouf en Donneschdeg am neien Tramsschapp um Kierchbierg genannt, wou den OGBL, de Landesverband a Luxtram den éischte Kollektivvertrag ënnerschriwwen hunn. Dëse Kollektivvertrag ass eng wichteg Etapp fir déi iwwer 100 Mataarbechter vu Luxtram. Virop geet de Verdéngscht vun de Leit an d'Luucht.

"D'Employéeën alleguer vu Luxtram kréie 4 Prozent integral bäi an der Pai, si kréien en 13. Mount, si kréie Chèques Repasen a mir hunn d'Astreinte an d'Primmen an d'Iwwerstonne wierklech ganz vill verbessert. Si kréien eng Primm annuelle, déi plafonnéiert ass op 4 Prozent vum Joresverdéngscht, déi awer ofhängeg ass vun hirem Merite, dee si hu fir d'Societéit an da sinn nach d'Congésdeeg duerch d'Reien ëm zwee Deeg pro Joer eropgaangen", sou de Frank Vansteenkiste, President vum Verwaltungsrot vu Luxtram.

AUDIO: Luxtram Kollektivvertrag / Rep. Dany Rasque (3.10.19)

5 Mesuren also, déi d'Situatioun vun de Mataarbechter verbesseren, an aus deem Grond goufen et och zefridde Gesiichter bei de Gewerkschaften. Si haten am Juli zejoert jo e Protestpiquet organiséiert, notamment, fir op d'Situatioun vun de Chaufferen opmierksam ze maachen. Si waren déi, déi am meeschten ënnerbezuelt waren, sot de Christian Sikorski vum OGBL.

Elo verbessert sech hier Situatioun, de Verdéngscht ass allerdéngs nach ëmmer 10 bis 15 Prozent ënnert deem vun anere Beruffschaufferen: "Wann ee vergläicht mat de Beruffschaufferen aus dem ëffentlechen Déngscht, läit de Verdéngscht awer nach ëmmer drënner, mä mir sinn awer schonn dem Zil méi no komm an natierlech kucke mer och wärend den nächste Kollektivvertragsverhandlungen och do erëm no uewen ze harmoniséieren", huet de Christian Sikorski ënnerstrach.

Aner Punkten dierfte bei deenen nächste Verhandlungen ënnert anerem d'Ufanksgehälter sinn an d'Manéier, wéi d'Formatioune bezuelt ginn. Dëse Kollektivvertrag gëllt elo mol fir 3 Joer, dat heescht, bis den 31. Dezember 2021.