Och wann et d'Zuelen nach net esou ausweisen, sou ass d'Regierung gewëllt, d'Land zu engem groussen Deel op Elektromobilitéit ëmzerëschten.

Bilan Chargy/Reportage Roy Grotz

Wann een zum Beispill géif dervun ausgoen, datt 2030 eng 240.000 Autoen Hybrid- oder Elektroween wieren, sou géif dat d'Hallschent vum Lëtzebuerger Fuerpark ausmaachen. De Verbrauch fir dës Ween géif dann an der Moyenne 520 Gigawatt d'Joer ausmaachen, wat 8% vum globale Stroumverbrauch duerstellt. Dës Zuelen nennen déi zwee gréng Ministeren Turmes a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Georges Engel an Yves Cruchten. D'Deputéiert sinn an der Haaptsaach interesséiert, wéi sech d'E-Mobilitéit am Land weiderentwéckelt an op de Stroum-Reseau dëst packt?

Packen jo, mä et bleiwen nach grouss Efforten ze leeschten, well bis dato eréischt nëmmen den nationale Fuerpark mat senge 430.000 Ween zu butzegen 2,5% aus Elektro- oder Hybrid-Autoen besteet. An 10 Joer sollen also net manner wéi iwwer 230.000 där Modeller bäikommen, bis dato bal net ze gleewen, mä bis de Covid19 koum, war sech villes net virzestellen.

A fir prett ze sinn, fir dës Offensive an der E-Mobility ginn äifreg Chargy-Opluet-Statiounen am Land installéiert, där solle bis d'nächst Joer eng 800 gezielt ginn; mee och vun deem Chiffer ass ee Stand lo am Mee nach e gudde Krack ewech, well de grénge Ministeren no ginn et souwuel op Gemengeparkingen an op sougenannte Relais-Parkingen global gesinn 345 Chargy-Bornen. Fir 82 ass den Accord awer ënnerschriwwen an op 45 weidere Plazen ass geplangt, dat ze maachen, esou wann dës 130 Bornen bäikommen, der nach ëmmer ronn 330 feelen.

Wat d'Installatioun vun ultra-rapide Bornen ugeet, wieren d'Preparatioune fir esou eng Installatioun am Gaangen, soen d'Ministeren, well en entspriechend Reglement d'viregt Woch duerch de Ministerrot gaangen ass.

Och der Installatioun vun alternativen Opluet-Systemer wéi Ionity steet een oppen géintiwwer, wann dës Statiounen dann technesch compatibel mat der Chargy-Plattform sinn.

Wat d'Installéiere vun Elektro-Bornen a privat Haiser oder Appartementshaiser ugeet, sou verweisen d'Ministere Bausch an Turmes op eng Broschür, déi um Site myenergy steet. Ofgerode gëtt a private Parkinge vu Residenzen oder doheem ultra-rapid Statiounen z'installéieren wéinst der maximaler Stäerkt vum Stroum-Reseau. Wéi vill Opluet-Statiounen et a private Gebailechkeeten gëtt, kënnen d'Ministeren iwwerdeems net soen.