Den Accident war um Dënschdegmoien am Pas-de-Calais, tëscht Béthune a Lens. En TGV, deen ënnerwee war vun Dunkerque op Paräis, ass op enger Barrière mat engem Camion kollidéiert. De franséische Gewerkschaftler Fabien Villedieu huet op X geschriwwen, et wier e Convoi vun der Arméi, wou ee Gefier an der Barrière hänke bliwwe wier.
Am Zuch waren iwwer 200 Passagéier. Bei der Kollisioun ass de Maschinist ëm d’Liewe komm, zousätzlech goufen op d’mannst 27 Persoune liicht blesséiert. Och de Camionschauffer gouf beim Accident blesséiert.
De Schinneverkéier an der Regioun war staark beaflosst. Aenzeie soten, datt d’Autoritéite séier op der Plaz waren, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.
Eng Enquête soll elo klären, wéi et genee zu der Kollisioun komm ass an ob d’Sécherheetsreegele respektéiert goufen.