Den neien Tramsschapp vu Luxtram um Kierchbierg besteet aus 3 Gebaier, wou ënnert anerem d'Ramme stockéiert ginn an d'Maintenance gemaach gëtt.

En Donneschdeg de Moie ware sech ënnert anerem den Mobilitéitsminister François Bausch an de Premier Xavier Bettel ee Bild op d'Plaz maachen. E grousse Virdeel ass, datt rezent Fotovoltaik-Panneauen um Daach vum Schapp installéiert goufen, fir Stroum ze produzéieren.

An de Gebailechkeete vum Tramsschapp kënnen 32 Rammen ofgestallt ginn. Donieft ginn d'Trammen hei gebotzt an eng Maintenance gëtt assuréiert. Nieft der Administratioun ginn och Leit an dëse Gebailechkeete forméiert. Aktuell gi 40 zukünfteg Tramschaufferen ausgebilt.

Och a #COVID19 Zäiten geet d'Entwécklung vum Land weider. Um Chantier vum Tram_Luxembourg kruten de François Bausch, ...

Gepostet von Xavier Bettel am Donnerstag, 24. September 2020

Zejoert goufen dann och Fotovoltaik-Panneauen op den Daach vum neien Tramsschapp geluecht op enger Fläch vu 4.500 Meter Carré. No enger Testphas gouf d'Solaranlag zënter dem Ufank vum Joer a Betrib geholl. Zënterhier produzéiert se Energie, déi direkt an d'Stroumnetz vun der Creos agespeist gëtt.

Wéi geplangt soll den Tram am Dezember op der Stater Gare ukommen. D'Distanz tëscht der Place de l'Etoile an der Gare ass 2,2 Kilometer. 4 Arrête sinn op deem Trajet virgesinn. Mat där Ouverture wëll een de Geschäfter op der Gare eng Freed maachen, déi rezent wéinst dem Chantier gelidden hunn.

Bannent den nächsten 3 Joer soll den Tramsreseau net nëmme bis op Kockelscheier, ma och bis op de Findel ausgebaut ginn. Dat sinn 3,9 Kilometer Schinne vum Kierchbierg aus, déi ebe bis Enn 2023 installéiert ginn.