
D’EU-Parlament huet um Dënschdeg och gréng Luucht ginn, mat 340 Jo-Stëmmen, 279 Nee-Stëmmen an 21 Enthalungen. D’Konservativ hunn dogéint gestëmmt. Fir nei Autoen a liicht Notzgefierer mat Bensinn- an Dieselundriff ass deemno 2034 Schluss. Dat gëllt och, wa se mat syntheeteschem Sprit, sougenannten E-Fuels bedriwwe ginn.
D’Memberstaaten hunn am Conseil schonn hiren Akkord ginn, elo muss et just nach an national Gesetzer ëmgesat ginn.
Als Tëschenzil soll den CO2-Ausstouss vun Autoe bis 2030 ëm 55%, am Verglach mat 2021, erofgesat ginn. Fir liicht Notzgefierer ass d’Tëschenzil 50%.