All 5ten huet säin 49-Euro-Protokoll nach net bezuelt

© RTL
Iwwer 310.000 Automobiliste sinn 2022 op eise Stroosse geblëtzt ginn. 21% vun de Leit, déi e Protokoll vun 49€ kruten, hunn dee bis lo nach net bezuelt.
De fixe Radar, wou am dacksten ze séier laanschtgefuer gëtt ass deen zu Schieren, mat ronn 39.500 Verstéiss, déi zejoert registréiert goufen.
De Streckeradar am Tunnel Markusbierg huet dogéint souguer méi wéi 74.000 mol ausgeschloen.
All 5ften, deen zejoert e Protokoll vun 49 Euro, also en avertissement taxé krut, huet dee bis ewell nach net bezuelt.
Beim Montant vun 145 Euro stinn ëmmerhin 29% vun de Protokoller nach aus.
Dat äntwert den Transportminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
D'Nancy Kemp-Arendt wollt donieft och wëssen, wéi héich d'Betribs- an Entretienskäschte vun de mobillen a fixen Radaren uechtert d'Land sinn.
Fir allen 34 Radaren, also fix, mobil, d'Tronçon-, Chantier- an Rout-Luucht Radaren zesummegeholl, an d'Software fir dës auszewäerten goufen zejoert ronn 1,4 Milliounen Euro ausginn.
Wéi vill de Staat duerch d’Protokoller erakrut, geet aus der Äntwert net ervir.
Interessant ass och ze gesinn, aus wéi enge Länner d'Automobiliste kommen, déi e Protokoll kréien zu Lëtzebuerg. Net verwonnerlech ass, dass déi meescht Protokoller u Residente ginn (168.490).
Op Plaz zwee sinn et dann d'Fransousen, mat 41.926. Plaz 3 geet un d'Belsch (28.701), knapp virun Däitschland (26.959). Plaz 5 geet un Holland, mat ëmmerhin nach 16.248 Protokoller.
Een eenzege Protokoll goung un en Automobilist aus der Schwäiz, deen dësen dann och scho bezuelt huet.
Mam bezuelen huelen d'Automobilisten aus de verschiddene Länner et net ëmmer sou genee. Nëmme 37% vun de Protokoller, déi u Chaufferen aus Rumänien ausgestallt goufen zejoert, si mëttlerweil bezuelt. Aus Bulgarien sinn et 38% an aus Polen 45%.
