2018 gouf d'Konzept scho presentéiert. Den 1. Mäerz 2020 war et du sou wäit: de Grand-Duché gouf dat éischt Land weltwäit, wou d'Mobilitéit gratis gouf.

Dowéinst wier et och schwéier, definitiv Conclusiounen ze zéien am Bezuch zu den Auswierkunge vun der gratis Mobilitéit. Esou sinn zum Beispill d'Passagéierzuele staark vun der Pandemie betraff gewiescht.

Zanter 2005 waren d'Passagéierzuelen an den Zich konstant um Klammen. Dem Transportministère no hätt een 2019 en Héichpunkt mat 25 Millioune Zuchpassagéier gehat. D'Joer drop sinn d'Zuelen du wéinst der Pandemie op 14,5 Millioune gefall. 2021 war mat 16,6 Milliounen eng liicht Verbesserung ze bemierken. D'lescht Joer sinn d'Zuele rëm anstänneg eropgaangen: 22,1 Millioune Passagéier, heescht et vun offizieller Säit.

Beim Tram kéint een zanter senger Inauguratioun am Dezember 2017, mat Ausnam vum Pandemie-Joer 2020, e konstante Wuesstem feststellen. Am Verglach: Wann d'Moyenne ënnert der Woch am Dezember 2018 nach bei 22.065 Tramspassagéier louch, sou war se am Dezember 2022 ënnert der Woch op 88.218 geklommen.

Wat awer sécher ass, ass, dass d'Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport d'Debatt ëm eis Mobilitéit ugereegt huet, an dat ass egal wéi eng positiv Entwécklung, sou den Transportminister François Bausch. An d'Debatt ass net nëmmen hei am Land an an der Grenzregioun gefouert ginn, mä uechter d'Welt.

Fir den Ament wier een nach net do, wou ee wéilt sinn. "Wann een de ganze 'plan national de mobilité', deen ech d'lescht Joer virgestallt hunn, bis 2035 realiséiert huet, da si mir ganz sécher qualitativ zu Lëtzebuerg an enger anerer Welt", sou den Transportminister. "Dat ass de Schlëssel vum Erfolleg vum Ëmsteige vun de Leit. De Mënsch hëlt eng Alternativ zum Auto, zum Beispill, wann e weess, dass een do gewësse Virdeeler huet. Et muss net dat Nämmlecht sinn, mä d'Korrespondenze musse gutt sinn, meng Zich musse méiglechst pünktlech sinn, de Service ronderëm muss klappen, et muss confortabel sinn. Doru schaffe mir den Ament."

Obschonns vill Leit sech iwwer d'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport gefreet hunn, koume souwuel vum Public wéi och vun de Gewerkschaften, ënner anerem vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux, eng Rëtsch Bedenken am Virfeld vun der Aféierung. Wéi d'Eisebunnergewerkschaften Syprolux an Eisebunnen OGBL-Landesverband elo mat dräi Joer Recul d'Entwécklung vum gratis ëffentlechen Transport gesinn, gesitt Dir an eisem Reportage am Magazin.

E Mëttwoch geet et an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" mam Transportminister François Bausch och ëm d'Mobilitéitspolitik zu Lëtzebuerg.